Radioen

On air

E-Lodie  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russland sicht offiziell no der Premierministerin vun Estland

Weider Etapp an de Spannungen

Russland sicht offiziell no der Premierministerin vun Estland

Russland huet en Avis de Recherche fir d‘Premierministerin vun Estland erausginn. D‘Kaja Kallas gëtt a Russland wéinst enger penaler Affär poursuivéiert, ëm wat et sech genee handelt, gëtt am Avis de Recherche, deen offiziell um Site vum russeschen Inneministère publizéiert gouf, net preziséiert.

auto_stories

1 min

Kaja Kallas | © picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa
Kaja Kallas (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa)

Och en estesche Staatssekretär an de litauesche Kulturminister géife gesicht ginn. Dat wéinst der Zerstéierung an dem Futtimaache vu fréiere sowjetesche Monumenter aus dem Zweete Weltkrich. Et ass eng weider Etapp an de Spannungen, déi et tëscht de Baltesche Republicken a Moskau gëtt, zanter der russescher Attack an der Ukrain.