Radioen

On air

Concert  |  Komponistinnen am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland zitt Ambassadeur zu Washington zeréck

Amtszäit ass op een Enn komm

Russland zitt Ambassadeur zu Washington zeréck

Russland huet säi laangjäregen Ambassadeur zu Washington den Anatoli Antonow zeréckgezunn, dat huet de russeschen Ausseministere confirméiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Pacific Press | Lev Radin
Foto: picture alliance / Pacific Press | Lev Radin

Wéi et heescht kéim seng Amtszäit op en Enn. Hien ass an Tëschent nees zu Moskau. Wee säin Nofollger gëtt, ass nach net bekannt. Den Antonow war zanter 2017 Ambassdeur an den USA. Viru senger Zäit als Diplomat war hie Vize-Verdeedegungsminister a Russland. 

De 69 Joer alen Diplomat gëllt als eent vun de markantste Gesiichter vun der russescher Aussepolitik. Hien huet de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain ëmmer nees verdeedegt an de Weste verbal attackéiert.