search

/ Kreml: Regioun Luhansk am Oste vun der Ukrain eegenen Aussoe komplett eruewert

Ukrainkrich

|
reading time

1 min

Kreml: Regioun Luhansk am Oste vun der Ukrain eegenen Aussoe komplett eruewert

Déi russesch Arméi hätt déi zwou lescht Uertschaften, déi nach net eruewert waren, elo och besat. Dat huet de russesche Verteidegungsministère matgedeelt. Russland hätt elo déi komplett Kontroll vun der Regioun. Iwwerdeems mellt d'Ukrain nees schwéier russesch Dronenattacken. 

reading time

1 min

Biller vun der Zerstéierung no russeschen Attacken an der Ukrain (Symbolfoto)
Biller vun der Zerstéierung no russeschen Attacken an der Ukrain (Symbolfoto)

Bei schwéier russeschen Dronenattacken haut um Donneschdegmoie wieren op d‘mannst véier Mënschen an der Regioun Tscherkassi am Zentrum vun der Ukrain ëm d‘Liewe komm. Dat hunn déi lokal Autoritéite vun do gemellt. 

Gespréicher iwwer eventuell Verhandlungen

Am Moment lafe weider Gespréicher iwwer eng eventuell Suite vu Verhandlunge mat Russland. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass an enger Videokonferenz mam US-Spezialemissär Steve Witkoff an dem NATO-Generalsekretär Mark Rutte.