search

/ Technesche Problem: Russesche Militärfliger iwwer ukrainescher Krim erofgefall

Ukrain

|
reading time

1 min

Technesche Problem: Russesche Militärfliger iwwer ukrainescher Krim erofgefall

E russesche Militärfliger ass iwwer der ukrainescher Hallefinsel Krim erofgefall, dobäi wieren 29 Mënschen ëm d'Liewe komm, esou de russesche Verteidegungsministère. Bei den Doudege géif et sech ëm 23 Passagéier a 6 Membere vum Equipage handelen.

reading time

1 min

Militärfliger (Symbolfoto) | © Sergii Kharchenko
Militärfliger (Symbolfoto) (Foto: Sergii Kharchenko)

En technesche Problem wier de Grond gewiescht, firwat de Fliger erofgefall ass. Et hätt keng Awierkung vu bausse ginn. Déi ukrainesch Hallefinsel Krim gouf 2014 vu Russland annektéiert.