search

/ Russesch Ugrëff op d'Ukrain fuerderen nees Doudesaffer

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Russesch Ugrëff op d'Ukrain fuerderen nees Doudesaffer

An der Ukrain si gëschter 8 Mënschen am Norden an am Süde vum Land ëm d’Liewe komm. Zu Kiew goufen et 12 Blesséierter, dorënner och Kanner. Russland huet d’Ukrain massiv mat Dronen an téléguidéierte Bommen ugegraff. 

reading time

1 min

© EPA/SERGEY DOLZHENKO
(Foto: EPA/SERGEY DOLZHENKO)

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet déi westlech Länner dozou opgeruff sengem Land déi néideg Equipementer ze liwwere fir sech kënnen ze verdeedegen.