Doropshi wieren direkt zwee Militärjette gestart fir d'Dron erofzeschéissen. E Schëff vun der rumänescher Marinn hätt se u Bord geholl an zerstéiert. Et wier keng ukrainesch Dron, heescht et. De rumänesche President huet Russland dofir responsabel gemaach.
Eréischt leschte Weekend hat e spuenesche Kampfjet eng Dron am rumänesche Loftraum ofgeschoss.