arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rumänie schéisst presuméiert russesch Dron iwwer dem schwaarze Mier erof

Osteuropa

|
reading time

1 min

Rumänie schéisst presuméiert russesch Dron iwwer dem schwaarze Mier erof

E rumänesche Kampfjet huet iwwert dem Schwaarze Mier, eng Dron erofgeschoss, déi mat Sprengstoff beluede war. Ee Schëff hat d‘Dron bei enger Gas-Buerinsel am Schwaarze Mier entdeckt, wéi de Verteidegungsministère zu Bukarest mellt.

reading time

1 min

E rumänesche Kampfjet | © EPA/ROBERT GHEMENT
E rumänesche Kampfjet (Foto: EPA/ROBERT GHEMENT)

Doropshi wieren direkt zwee Militärjette gestart fir d'Dron erofzeschéissen. E Schëff vun der rumänescher Marinn hätt se u Bord geholl an zerstéiert. Et wier keng ukrainesch Dron, heescht et. De rumänesche President huet Russland dofir responsabel gemaach.

Eréischt leschte Weekend hat e spuenesche Kampfjet eng Dron am rumänesche Loftraum ofgeschoss.