Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rout Lëns, déi kleng Schwëster vu Belval a Metzeschmelz

Den Hallwer Néng

Rout Lëns, déi kleng Schwëster vu Belval a Metzeschmelz

Anescht wéi déi zwou aner Industriebrooche Belval a Metzeschmelz gëtt d’Lentille Terres Rouges net vun engem semi-staatlechen, mee vun engem privaten Acteur entwéckelt. Den Eric Lux (Iko Real Estate) an den Tom Eischen (Encevo) ginn Informatiounen iwwer de Projet a säin Energiekonzept.

auto_stories

4 min

headphones

20 min

play_arrow

Op der Rouder Lëns zu Esch entsteet en neie Wunnquartier. Op 10 Hektar sollen 1.400 nei Wunnengen entstoen. Virun zwee Méint hunn d‘Infrastrukturaarbechten um fréieren Industriesite ugefaangen, am Juni soll mam Wunnengsbau ugefaange ginn.

Op 10 Hektar sollen 1.400 nei Wunnengen entstoen. | © Maurice Molitor
Op 10 Hektar sollen 1.400 nei Wunnengen entstoen. (Foto: Maurice Molitor)

Geplangt ass e Mix vu Wunnenge fir eeler Leit, Studenten, sozial Logementer an normaler. Donieft sollen och Geschäfter a Restauranten am neien Escher Quartier „Roud Lëns“ entstoen. De ganze Quartier gëtt ronderëm déi al Industriegebaier gebaut, an dat ass et, wat dee Site sou eenzegaarteg wäert maachen, wéi de Geschäftsmann Eric Lux am 100,7-Interview, live vun der Plaz, erkläert huet.

"Wat de Site anescht mécht ass, datt de Site unique ass. Dir hutt déi al Gebaier, déi d'Industriegeschicht vun Esch erzielen an déi och am Masterplang berécksiichtegt gi sinn. Mir kréien hei ee Site, deen unique ass, doduerch well keen anere Site déi selwecht Gebaier huet. An ëm déi Gebaier hu mir dee ganze Site developpéiert. Déi al Gebaier mussen am Mëttelpunkt stoen. A jo, se hunn ee ganz héije Käschtepunkt fir dat ze renovéieren. Mee dat gëtt dem Site eng unique Specificitéit."

Den Eric Lux (Iko Real Estate) an den Tom Eischen (Encevo) ginn Informatiounen iwwer de Projet a säin Energiekonzept. | © Alain Rousseau
Den Eric Lux (Iko Real Estate) an den Tom Eischen (Encevo) ginn Informatiounen iwwer de Projet a säin Energiekonzept. (Foto: Alain Rousseau)

Anescht wéi déi zwou aner Industriebroochen zu, respektiv ronderëm Esch, gëtt de Projet Rout Lëns vun also vun engem privaten Acteur developpéiert, an net vun der semi-ëffentlecher Agence Agora. Fir de Logementsproblem an de Grëff ze kréien, missten de Privatsecteur an d'ëffentlech Hand souwisou vill méi zesummeschaffen, seet den Eric Lux. 

Lauschterenplay_arrow