An der éischter Hallschent koume weder d’Italieener nach d’Lëtzebuerger zu richteg gudde Golchancen. Eréischt kuerz virun der Paus hunn d’Italieener den Drock erhéicht. Et huet nawell bis no der Halbzeit gedauert bis den éischte Gol vun der Partie gefall ass.
An der 49. Minutt huet de Pio Esposito d’Italieener no engem Korner mat 0:1 a Féierung bruecht.
Trotz enger manner staarker Ekipp vun Italien: D'Qualitéit war do
Et wier schwéier fir Spiller vun deem Niveau wéi den Esposito e ganze Match aus dem Spill ze huelen, erkläert den Dirk Carlson.
"An der éischter Hallschent hate mir hie richteg gutt am Grëff. An der zweeter hat hien zwou, dräi gutt Aktiounen. Hien huet schonn aacht Matcher fir d’Nationalekipp. An aacht Matcher véier Goler elo. Et ass einfach Qualitéit niewendrun. Et ass ee vun de beschte Spiller, géint déi ech jee gespillt hunn, an awer hate mir e gudde Match géint hien. Datt hien och u seng Chance kënnt, ass denken ech e bëssen normal."
Nom 1:0 fir Italien huet sech méi een oppene Match entwéckelt mat Chancen op béide Säiten. Kenger Ekipp sollt awer nach e Gol geléngen, soudatt et bis zum Schluss beim 1:0 bliwwen ass.
De Lëtzebuerger Golkipp Anthony Moris war trotz der Nidderlag houfreg op d’Leeschtung vu senge Matspiller.
"On voit que les matchs de ce niveau-là se jouent sur des détails, même si on peut parler d'une équipe B de l'Italie. Mais quand on voit la qualité des joueurs en face, il y a beaucoup qui revendiquaient leur place avec les titulaires habituels. C'est dommage qu'on encaisse ce but. Je pense qu'un match nul aurait peut-être été plus équitable, même si je crois que dans l'ensemble c'est quand même les Italiens qui ont eu les plus grosses occasions."
Fir d’Rout Léiwe steet e Samschdeg nach e leschte Frëndschaftsmatch virun der Summerpaus um Programm. Si trieden dann um 20 Auer an Albanien un.
Den 100,7-Consultant Roland Schaack huet sech de Match gëschter och ugekuckt.
Lauschtert hei seng Aschätzungen