Wa mir un d’Film-Trilogie iwwert déi éisträichesch Keeserin Sisi denken, da kënnt engem direkt de Numm vun der Actrice Romy Schneider an de Kapp, déi mat der Interpretatioun vun där Roll weltbekannt ginn ass.
D’Ironie vun dësem Film wollt awer, datt d’Romy Schneider an hirem Liewe quasi grad esou eng tragesch Figur war, wéi d’Keeserin Sisi.
Eng Perséinlechkeet voll Géigesätz, déi awer d’Mënschen nach ëmmer faszinéiert
D’Liewe vun der Romy Schneider war ugangs wéi e Märche mat Happy End, mee um Enn war et awer eng Tragedie.
D’Romy Schneider war ëmmer hin a hier gerappt, tëscht dem Wëllen, Succès ze hunn, an als Actrice ze iwwerzeegen, an tëscht dem Wonsch, een Doheem a Léift ze fannen, an dat war hir gréissten Tragedie am Liewen.
D’Romy Schneider huet sech mat Alkohol a Medikamenter gedéit, huet ëmmer probéiert géint hir Sucht virzegoen, ouni Resultat.
Deen eenzegen Halt, dee si nach am Liewen hat, war hir Filmaarbecht, a doriwwer sot d‘Romy Schneider eemol selwer: „Am Film kann ech alles, am Liewen näischt."