De Pascal Ricquier, fréiere President vun der Policegewerkschaft SNPGL, huet no enger Entrevue um Donneschdeg, mam Comité exécutif aus der Staatsbeamtegewerkschaft, demissionéiert. Hie war an dee Comité exécutif geruff ginn. Hie sollt do erklären, ob hien der CGFP mat senger Kandidatur op der OGBL-Lëscht fir d’Wale vun der Chambre des Fonctionnaires publics soll geschuet hunn oder net.
100,7-Informatiounen no hätt de Pascal Ricquier och aus der Policegewerkschaft SNPGL demissionéiert. Eng offiziell Confirmatioun dofir läit awer nach net vir. Méindeg ass do Generealversammlung.