Succèse vun Emissiounen, wéi där vun der japanescher Uerdnungs-Beroderin Marie Kondo, schwätze Bänn. Manner bekannt ass sécherlech, datt si zu Lëtzebuerg eng Zort Kolleegin huet.
10 Persounen, et waren des Kéier all Fraen, hu sech fir de Cours Home Organizing ugemellt.
Inspiréiert aus Beispiller aus dem Ausland
D’Motivatioun fir sech unzemellen si ganz ënnerschiddlech. Zum Deel kënnt se vum Gefill datt sech de Chaos widderhëlt zum Deel och vun de Beispiller aus dem Ausland déi engem op der Tëlee virgelieft ginn.
Eng Fra, déi beim Cours matgemaach huet, erzielt si hätt zum Beispill vill DVDen, vun deene si net wéisst, wouhi si se raume soll. Et géife vill Emissioune ginn, déi engem dora praktesch Tippe géife ginn.
Enger anerer Participantin geet et drëms sech ze befreien. Grad ab engem bestëmmten Alter géif sech vill usammelen. Et géif hir awer besser doen, wa si manner hätt. Iwwerdeems et enger weiderer Fra virun allem drëms geet, ze léieren sou ze raumen, datt si net ëmmer nees vu vir muss ufänken. Dofir misst een ausmëschten.
Et sammelt sech ëmmer méi un
Wie raume wëllt, brauch Plaz a muss also ausmëschten. Allerdéngs huet ee Schwieregkeete fir Saachen nees lass ze loossen, dat hätt warscheinlech ee ganz onbewossten Hannergrond, erkläert d’Marie-Paule Krier, déi de Cours iwwert d’Home Organizing op der Université Populaire hält. Jiddereen huet eng Vergaangenheet. Leit, déi ee Krich erlieft hunn, hätten déi Tendenz d‘Saache "fir méi spéit" ze halen. Déi Gewunnechten hu sech ënnerbewosst verankert, erkläert d'Marie-Paul Krier.
Dobäi kënnt: Anescht ewéi fréier schaffen haut an de Famillen d’Elteren Allenzwee. Et keeft ee méi an et gëtt kaum nach eppes méi gefléckt. Deemno gi mat der Zäit vill Saachen ugesammelt, mam Resultat datt een d’Saachen net méi fënnt. Et muss een se nees kafen, an de Problem wiisst weider erkläert d’Marie-Paule Krier. Wou sinn d’Rechnungen, wou leien d’Schlësselen oder de Portmonni? Et verléiert een Zäit beim Sichen an och Geld.
Op den Tri soll ee sech mental virbereeden
Beim Home Organiszing geet et also net drëms ze raumen, mee fir d’éischt een Tri ze maachen, vun deem wat ee brauch a wat ee gären huet. Mee éier ee mam Tri ufänkt soll ee sech drop virbereeden. Fir d’éischt mental, dat heescht sech iwwert d’Situatioun bewosst sinn a sech virzestellen, wéi de Raum dono kann ausgesinn, erkläert d’Marie-Paule Krier.
Den Home Organizer oder Frënn kënnen derbäi hëllefe fir den Tri ze maachen. Dat kann nämlech ganz emotional sinn, sou d’Warnung vun der Expertin. U wéi engen Objeten hänkt ee wierklech a wéi eng si reell nëtzlech, sinn dobäi d’Haaptfroen.
Zanter ronn engem Joer huet d’Uni-POP d’universtité populaire eng grouss Offer u Kueren, déi fir jiddereen eppes bidden. Zum Deel sinn et Kueren déi zu engem Diplom oder Zertifikat féieren. D’Beräicher sinn och breetgefächert: Vun der Schräinerei, bis hin zu Sproochen déi e bësse méi laang daueren an déi een uechtert d‘Land ka suivéieren. Am 100,7-Interview gëtt de Christian Büchler en Abléck.
Reportage an den Interview