Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Ricardo Marques: "Ech sinn Optimist, och an der Politik"

Neien Deputéierten

Ricardo Marques: "Ech sinn Optimist, och an der Politik"

An der Chamber ass gëschter um Donneschdeg de Ricardo Marques als neien Deputéierte vereedegt ginn. Hien ersetzt an der CSV-Fraktioun de verstuerwene Max Hengel. Wéi säin Numm et verréit, huet de Ricardo Marques portugisesch Wuerzelen. An op déi ass hien a senger éischter Ried an der Chamber och direkt agaangen.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
De Ricardo Marques bei senger Vereedegung an der Chamber. (Foto: Chambre des députés)

De Ricardo Marques ass virun 31 Joer hei am Land op d’Welt komm a lieft och haut nach an där Stad, an där hie grouss ginn ass: Zu Iechternach.

Mat Courage an d'Politik

Bei senger éischter Ried an der Chamber ass de Ricardo Marques dann och direkt op seng perséinlech Geschicht agaangen, an huet vu sengem Eltere geschwat.

"Si hu ganz vill a ganz haart geschafft. A sou wéi fir vill Immigrante si si hirem Dram nogaangen, fir nees zeréck a Portugal ze goen, a fir do eng méi sécher Zukunft opzebauen, soudatt ech mat néng Joer wärend néng Méint a Portugal war."

Mee dat eent ass et, en Dram ze hunn, an dat anert ass et, dësen och mat der Realitéit ze konfrontéieren, esou den neien Deputéierten. Mee et ass eppes, wat hie markéiert hätt.

"De Courage, fir eppes Neies ze probéieren, sech mat der Realitéit auseneenzesetzen, de Choix ze revidéieren, an dann nees eng Kéier op Lëtzebuerg ze kommen, fir bei Null unzefänken, dat ass eng Liewenslektioun, déi mech a mengem Alldag bis haut markéiert huet."

Genau dofir wier hien en Optimist, och an der Politik.

Lauschterenplay_arrow

Stolz op d'Originnen

Nom Felix Braz an deem senger Duechter Liz Braz, ass de Politiker vun Iechternach réischt den drëtte Politiker mat portugieseschen Originnen an der Chamber. Am 100,7-Interview huet de Ricardo Marques zouginn, datt dat him vill bedeit.

"Ech denken, all Identitéit gëtt esou gepräägt, wéi se gepräägt gëtt. Also déi hunn ech mir net selwer ausgewielt. Mee ech si stolz op meng Identitéit. An ech denken, dass déi Wuerzelen, déi ech do hunn, guidéieren dat wat ech sinn oder dee Wee, deen ech elo trëppelen. An ech si richteg stolz op meng Originnen."

Déi politesch Karriär vum Ricardo Marques huet 2017 ugefaangen. Deemools gouf hien an den Iechternacher Gemengerot gewielt, an dat mat nëmme 24 Joer. Seng Popularitéit géif hien de Massendénger verdanken. 

"Ech denke schonn, datt et eng ganz staark Lobby ass. Also mir sinn hei en etabléierte Jugendveräin, säit elo bal 40 Joer."

Buergermeeschterposten ass een Zil

Als CSV-Schäffe setzt de Ricardo Marques zu Iechternach aktuell an der Oppositioun. D'Zil sollt et awer ëmmer sinn, an d'Majoritéit ze kommen, esou den CSV-Politiker.

"Ech denken, dofir mécht een och déi Politik, fir eeben an der Exekutiv ze setzen a fir do nach méi staark eng Stad ze gestalten. Mir ware laang an der Majoritéit an et ass do, wou d'CSV Iechternach nees wëll hikommen."

De Ricardo Marques ass Psycholog vu Formatioun hier an huet bis elo am Educatiounsministère geschafft. Dat soziaalt oder dat edukatiivt soll dann och eng Prioritéit a senger parlamentarescher Aarbecht ginn.  

"Well ech eeben déi Erfarung hunn aus de leschte véier Joer am Educatiounsministère, a well ech awer och als Psycholog am soziale Secteur aktiv war, denken ech, dass dat mir e gewëssene Bagage gëtt, fir kënnen déi Sujeten unzegoen."

De Ricardo Marques war Invité an eisem Moiesstudio

Lauschterenplay_arrow