search

/ Malta-Retourmatch: Strasser zouversiichtlech, datt Rout Léiwe sech a Liga C halen

Sport

|
reading time

2 min

Malta-Retourmatch: Strasser zouversiichtlech, datt Rout Léiwe sech a Liga C halen

Virum Retourmatch géint Malta haut um Dënschdegowend ass den Trainer vun der Häre-Fussballnationalekipp Jeff Strasser zouversiichtlech, datt seng Ekipp sech an der Liga C wäert kënnen halen. Den Allersmatch haten d’Rout Léiwe leschten Donneschdeg op Malta mat 0-2 gewonnen.

reading time

2 min

De Jeff Strasser (lénks) mam Kapitän Laurent Jans (riets) | © Pit Beffort
De Jeff Strasser (lénks) mam Kapitän Laurent Jans (riets) (Foto: Pit Beffort)

Sollten d'Rout Léiwe dësen Avantage beim Retourmatch verteidegen, wäerte si vu September u weider an der Liga C vun der UEFA Nations League spillen. Op der Pressekonferenz virum Match sot de Jeff Strasser gëschter um Méindeg, datt seng Ekipp vill Selbstvertrauen hätt an een de Match wéilt dominéieren. Seng Spiller wieren och capabel dat ze maachen, esou den Nationaltrainer. 

Malta: Leeschtung war net déi allerbescht

De Jeff Strasser huet awer och drop higewisen, datt d’Leeschtung vu senger Ekipp am Allersmatch net déi bescht gewiescht wier. Et wieren individuell Feeler gemaach ginn, déi een den Owend beim Retourmatch misst evitéieren. 

"Dat soll keng Kritik sinn. Dat soll einfach d'Spiller drun erënneren, datt am Fong vun deem, wat si kënne si ënner hirem Niveau gespillt hunn am leschte Match an trotzdeem 2-0 gewonnen hunn" 

Et géif och einfach drëm goen, datt all Spiller op sengem honnertprozentegen Niveau géif spillt, esou den Trainer. All seng Spiller wieren och bereet dësen Effort ze maachen. Si wieren zouversiichtlech a géife sech freeën an engem volle Stadion ze spillen. 

"Well dat och eng gewëss Energie gëtt. Dat ass wéi eng Motivatioun, en neie Push. An dorëms geet et."

Selbstbewosstsinn duerch Auswäertsgoler gestäerkt 

Deem huet sech och de Kapitän vun de Roude Léiwe, de Laurent Jans, ugeschloss. A sengen Ae kéint d’Victoire aus dem Allersmatch e positiven Effekt op d’Offensiv vun de Roude Léiwen hunn. 

"Ech menge perséinlech deet et eis immens gutt, datt mir erëm zwee Goler geschoss hunn"

Si hätten och um Training vill Wäert heirop geluecht, wiere vill Ofschloss-Situatiounen um Training duerchgaangen an hätten och vill Exercicer virum Gol gemaach. De Jeff Strasser hätten hinnen nach eemol un d'Häerz geluecht den Owend beim Match all Chance wouerzehuelen. 

"Den Trainer huet nach e puermol elo gesot, datt mir, wa mir an enger Schosspositioun sinn, solle schéissen, d'Aktiounen ofschléissen."

Ugepaff gëtt um 18 Auer am ausverkaafte Stadion

Déi lescht Méint hätte si als Häre-Fussballnationalekipp grad op dësem Punkt och mol gesot kritt si wieren net effikass genuch, esou nach de Laurent Jans. Dofir hätt et der Ekipp guttgedoen ze gesinn, datt si auswäerts zwee Goler geschoss hunn.

De Match Lëtzebuerg géint Malta gëtt haut um Dënschdegowend um 18 Auer am ausverkaafte Stade de Luxembourg ugepaff.