De René Closter hat an huet e stuere Kapp, well ouni wier et net gaangen. 1988 ass d’Iddi vun der Luxembourg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lass gaangen. De René Closter war 34 Joer laang President, Papp, Chef a gréissten Adept vun der Luxembourg Air Rescue, mat eben engem stuere Kapp.
Ech sinn en Éisleker
Et war net einfach d’Iddi vum SAMU an du vum Rettungshelikopter duerchzesetzen. De René Closter a seng Ekipp goufe mat vill Has a Näid konfrontéiert, déi sech mat allem wat se géint de SAMU an den Helikopter gestäipt hunn. An de René Closter an all déi, déi mat him un déi Saach am Déngscht vun de Mënsche gegleeft hunn, hate genuch Kraaft fir duerzehalen
“Ech sinn en Éisleker. An Dir wësst jo, wann Dir gären hätt, datt en Éisleker eppes mécht, da musst Dir him et verbidden. Well da mécht hien et ganz sécher.”
Et war eng ganz Ekipp, déi dat geleescht huet
De René Closter kuckt net gären op deen Has a Näid zeréck, mee léiwer op dat, wat geleescht gouf. An dat war eng eng ganz Ekipp vun enorm engagéierte Leit, déi vun Ufank un derbäi waren.
“De René Closter dréit de Fändel vun Ufank un. Hien hält de Kënn och dohinner fir Streech ze kréien, mee de Succès vun der LAR ass de Succès vun engem Team, vun enger Ekipp, vun enger Frëndschaft a vun der Loyalitéit géintiwwer vun enger Iddi, déi ëmmer nach déi selwecht ass, wéi mir deemools gegrënnt gi sinn, nämlech duerch den Asaz vum Rettungshelikopteren a Fligeren, Mënscheliewen ze retten.”
Ophalen, ouni opzehalen
De René Closter huet viru kuerzem als Direkter vun der Luxembourg Air Rescue opgehalen, an hien huet, an dat ass net vermessen ze soen, e Liewenswierk hannerlooss.
De René Closter huet wuel als Direkter vun LAR opgehalen, mee hien bleift awer nach weiderhi President vun dëser Associatioun mat iwwer 188.000 Memberen.
“Ech sinn och nach all Woch e puer Deeg um Büro. An ech hunn och deemools, wou ech opgehalen hunn, dem neien Direkter Frank Halmes gesot: Wann s de mech brauchs, da wäert ech sécher mat Rot an Dot zur Verfügung stoen. A wann s de mech net frees, da maachen ech et awer.”
Et wier och onvirstellbar gewiescht, datt de René Closter esou vun 100 op 0 erof gefuer wier. Mee egal, elo huet hie vläicht eng Grëtz méi Zéit fir seng al Autoen, seng Randbéischten a säi Gaart.