Iwwert een Zäitraum vu véier Joer huet den INRA, den Institut National de Recherche Archéologique, zu Holztem gegruewen an ass dobäi net just op wäertvoll Mënzen, mee och op d'Fundamenter vun engem sougenannte Burgus gestouss.
D'Vermuddung, eppes ze fannen, war do
D'Lynn Stoffel, déi beim INRA fir de Service vun der galloréimescher Archeologie responsabel ass, erkläert am 100,7-Interview, wat e Burgus ass.
"D'Bezeechnung Burgus ass am Réimesche ganz ënnerschiddlech besat. An dësem Fall handelt et sech ëm e relativ fest Gebai mat décke Maueren, ëm dat souzesoen, fir ze schützen, dräi Grief plus Palissade gezu gi sinn. An dat däerf ee sech e bësse wéi eng Stroossestatioun virstellen. Haut géif een dat vläicht mat engem Péage vergläichen, wat Etappen un enger réimescher Strooss markéiert."
D’Lynn Stoffel ass net ganz iwwerrascht gewiescht, datt een sou eng Decouverte zu Holztem gemaach huet, well ee “Rank-aartege Buedem, nenne mir et mol Wellen, do virhande war”. An deem Sënn wier d’Vermuddung grouss gewiescht, datt een eventuell eppes do kéint fannen. Well awer näischt do gebaut war, ware keng direkt Gruewunge virgesinn.
E puer oppe Froen
Elo ass een awer op eppes gestouss, wat am Communiqué och als richtege Schatz bezeechent gëtt. D’Lynn Stoffel betount awer, datt et zwee Prospecteure waren, déi d’Decouverte gemaach hunn, a mat deenen den INRA scho länger zesummeschafft.
“Déi sech zesummen op där Plaz mat der Geneemegung vum Proprietär vum Terrain driwwer gaange sinn an ebe Gold Mënze fonnt hunn. An doropshin hu mer eeben intervenéiert, eeben och a verschiddene Phasen.”
Déi Mënzen, déi do op deem Terrain vergruewe waren, loossen een dovunner ausgoen, datt et och e Grond gouf, firwat se do vergruewe goufen. An deen hofft ee beim INRA elo erauszefannen.
“Si waren eeben net konzentréiert op enger Plaz. Si ware schonn, wéi mir dat nennen, verzunn. Also et kann een dovunner ausgoen, dass se eng Kéier ugeplout gi sinn a sech jiddefalls verdeelt hunn."
Wat ee scho weess ass, datt d’Mënzen alleguer aus der zweeter Hallschent vum 4. Joerhonnert stamen.
Eng geheim Ausgruewung
Am Communiqué gëtt och preziséiert, datt d’Proprietäre vum Terrain eng Indemnisatioun vu knapps iwwer 300.000 Euro kritt hunn. D’Ausgruewungen, déi op hirem Terrain gemaach goufen, hu sech iwwer véier Joer gezunn.
Interessant ass, datt dës relativ geheim gehal goufen, fir datt d’Leit kee Wand dovu kréichen. Angscht hätt een dem Lynn Stoffel no viru Vandalismus gehat, “dass d'Leit lassgelaf wieren am Goldrausch fir d'Mënzen ze huelen an doduerch eeben d'Archeologie ze zerstéieren.”
Déi zweet Angscht war déi, datt d’Leit lénks a riets hir eege Gruewunge gemaach hätten, ouni Geneemegung vum Ministère oder vum Proprietär.
Fonnt goufen allerdéngs net just Saachen aus der Réimerzäit. Verschidden Objeten datéieren zeréck op d’Ardennenoffensiv. Den Norde vum Land wier bekanntlech vill mat Munitioun belaascht, esou d’Lynn Stoffel. Dofir wéisst ee bim INRA och, datt net alles wat de Metalldetekter piipsen deet, réimesch Mënz sinn.