Radioen

On air

9 bis 1  |  Tocotronic - Denn sie wissen was sie tun

play_arrow Live
search

/ CSV-DP-Regierungskoalitioun brauch den Owend den Accord vun hire Gremien

Koalitiounsverhandlungen

CSV-DP-Regierungskoalitioun brauch den Owend den Accord vun hire Gremien

D'Regierungskoalitioun tëschent CSV an DP soll den Owend ficeléiert ginn. Béid Parteie brauche gréng Luucht vun hire Gremien. Besonnesch den CSV-Kongress gëtt en Test fir ze kucken, wéi d'Basis d'Verhandlungsresultat acceptéiert.

auto_stories

3 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

D'Regierungsequipe wäert bis den Owend offiziell annoncéiert ginn: An där Fro kënnen d'Gremien en connaissance de cause ofstëmmen. Beim Regierungsprogramm ass dat méi schwiereg: De Formateur Luc Frieden sot virgëscht de ganzen Text géif réischt d'nächst Woch public gemaach ginn. D'Gremie vun CSV an DP mussen awer den Owend driwwer ofstëmmen, bei der CSV ëmmerhin e ganze Kongress. Si musse sech da wuel mat engem mëndlechen Exposé iwwer d'Eckpunkten zefridde ginn a riskéieren am Regierungsprogramm spéider nach Saachen z'entdecken, déi se beim Vott net woussten.

Wéi reagéiert d'CSV-Basis?

De Kongress den Owend gëllt allgemeng als Test fir de Luc Frieden fir ze kucken, wéi grouss d'Ënnerstëtzung ass fir dat wat hien als Formateur mat de Verhandlungsdelegatioune vun DP an CSV ausgehandelt huet. Hien hat sech eisen Informatiounen no vu senge Gremie fräi Hand gi gelooss fir d'Verhandlungen ze féieren. En huet dat och just am ganz klenge Krees mat der DP gemaach, mat Ausnam vun der CSV-Parteipresidence war a verschiddene Froe keen ageweit.

D'Verhandlunge si ganz séier an der Suite vun de Chamberwale vum 8. Oktober gefouert ginn, iwwer d'Resultat gouf bis elo offiziell wéi gesot nach näischt gesot. Eisen Informatiounen no wollt de Formateur eigentlech scho virgëscht Méindeg Eckpunkten aus dem Regierungsprogramm presentéieren, dat gouf dunn net gemaach. E Grond kéint sinn, datt och d'Regierungsequipe an de leschten Deeg nach op e puer Punkte geännert huet. Bei der CSV a bei der DP sinn Iwwerraschungen dran.

Nei CSV-Fraktioun kuerzfristeg zesummegeruff

Den Owend si wéi gesot d‘Gremien zesummen. Bei der CSV gëtt dat sportlech: Well tëscht dem Nationalrot vu sechs Auer an dem Kongress vun hallwer Aacht ass och d‘CSV-Fraktioun nach kuerzfristeg zesummegeruff gi fir en neie Fraktiounschef ze designéieren. Rendez-Vous ass um 7 Auer, nom Nationalrot, an där neier Zesummesetzung, also mat deenen designéierten Deputéierten, déi d‘nächst Woch noréckele wann d‘Regierung bis steet. Déi 21 Membere vun der viraussiichtlecher neier CSV-Fraktioun hunn den Owend da maximal eng hallef Stonn fir sech iwwert en neie Fraktiounschef eens ze ginn. Dem Marc Spautz gi gutt Chancen nogesot. Kloer ass, datt déi aktuell Co-Fraktiounscheffe Martine Hansen a Gilles Roth an d‘Regierung wiesselen.

Vereedegung um Freideg

D‘Regierung aus de leschte fënnef Joer (DP, LSAP, déi gréng) huet haut hire leschte Regierungsrot. Muer um Donneschdeg hunn d‘Ministere vun där Regierung hir Audience de départ beim Grand-Duc. Muer de Moien ënnerschreiwen d‘CSV an d‘DP hire Koalitiounsaccord. Déi aktuell Regierung ass bis muer den Owend nach am Amt, de Freideg de Moie ginn déi 15 nei Ministeren a Ministerinne vum Grand-Duc verdeedegt, an de Freideg de Mëtteg ass d‘Passation de pouvoirs an de Ministère virgesinn. D‘Chamber kënnt dann d‘nächst Woch zesummen. Deen Ament mécht den neie Premier Luc Frieden och d‘Regierungsdeklaratioun.