Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Regierungserklärung vum Michel Barnier mat e puer Iwwerraschungen

Frankräich

Regierungserklärung vum Michel Barnier mat e puer Iwwerraschungen

De franséische Premier Michel Barnier huet um Dënschdegmëtteg seng Regierungserklärung presentéiert. Virun der Assemblée nationale zu Paräis huet hir skizzéiert, wat an den nächste Méint a villäicht och Jore geplangt ass. Dobäi wëll hie sech op 5 Chantiere konzentréieren.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri play_arrow
picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

De Pouvoir d'achat vun de Leit am Land, den ëffentlechen Déngscht, d'Sécherheet, d'Immigratioun an och d'Fraternitéit, also den Zesummenhalt an der Grande Nation. Ouni Majoritéit am Parlament ass de Michel Barnier op d‘Hëllef vun der Oppositioun ugewisen. 

Eng vun de grousse Froe war déi, vun der Steiererhéijung fir Spëtzeverdénger, do huet sech de Barnier schlussendlech dofir entscheet. Iwwerraschend koum och d‘Erhéijung vum Mindestloun vun 2 Prozent – vum nächste Mount un.

Migratiounspolitik: "Mënschlech, mee mat Rigeur"

Bei der Immigratioun soll d'Asylprozedur beschleunegt ginn. Et soll awer och méi einfach ginn, irregulär Migrantinnen a Migranten ze expulséieren.

Konkret Mesuren déi de Klimawandel betreffe, goufen iwwerdeems lénks leie gelooss. Am Virfeld war awer och schonns ze héieren, dat ee sech pragmatesch uleeën an op e puer Chantiere fokusséiere wëll. Dat well de Barnier weder eng ganz Amtszäit, nach eng Majoritéit huet.

Vereenzelte Bäifall aus der Oppositioun

De Barnier ass op d‘Oppositioun ugewisen, fir Majoritéiten ze fannen. Dat dierft net ëmmer einfach ginn. Den Nouveau Front Populaire huet gëschter annoncéiert, datt ee Mësstrauensvott agereecht gouf. Op Basis vun der Nominatioun vum Barnier.

Trotzdeem gouf et souwuel vum lénke wéi vum rietse Bord vereenzelt Applaus wärend der Deklaratioun.

Jiddefalls ass et ee ganz anere Stil ze regéieren, wéi een dat vum Garbiel Attal oder Emmanuel Macron kennt. De Barnier weess, datt hien op enge, Polverfaass sëtzt.

  Lauschterenplay_arrow