Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Regierungsbildung: Wéi geet et elo konkret virun?

Chamberwalen 2023

Regierungsbildung: Wéi geet et elo konkret virun?

Den CSV-Nationalrot kënnt an der Mëttesstonn zesumme fir d‘Koalitiounsgespréicher mat der DP guttzeheeschen. Eng Formalitéit, nodeems den Nationalcomité vun de Chrëschtlech-Soziale scho gëscht gréng Luucht ginn huet. De Formateur Luc Frieden wënscht sech e séieren Ufank vun de Gespréicher.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi béidsäiteg Verhandlungsdelegatioune ginn eisen Informatiounen no haut annoncéiert. Ëm déi zéng Persoune pro Partei sollen déi nächst Wochen um Regierungsprogramm schaffen. Nom CSV-Nationalcomité an der Mëttesstonn wäert de Formateur Luc Frieden verroden, wéi hie sech dat virstellt. Ze klären si fir d‘éischt emol d‘Methodologie, den Zäitplang an d‘Plaz vun de Verhandlungen.

Nieft dem Regierungsprogramm wäerten d‘CSV an d‘DP déi nächst Deeg a Wochen och vill iwwer Personalien nodenken, och wann d‘Parteien dat offiziell net gär zouginn. Ze klären ass, wéi vill Ministeren et ginn. An da wien d‘Parteien aus hire verschiddene Walbezierker mat an d‘Regierung huelen. Woubäi et och d‘Erausfuerderung gëtt, datt d‘Fraen net ënnerrepresentéiert sinn. Nieft de Ministerposte gehéieren zu engem Verhandlungspak och aner Posten, wéi zum Beispill d‘Parlamentspresidence an en EU-Kommissär oder eng EU-Kommissärin.

De Xavier Bettel gëtt als neien Ausseminister gehandelt

De Luc Frieden ass als Formateur schonn designéiert, fir neie Premier ze ginn. De Xavier Bettel, Premier wärend de leschten zéng Joer, gëtt als neien Ausseminister gehandelt.

D‘CSV krut virgëscht bei de Chamberwalen 21 vu 60 Sëtz, d‘selwecht vill wéi an de leschte fënnef Joer. D‘DP kënnt op 14 Mandater, an ass domat Juniorpartner wann d‘CSV an d‘DP um Enn e Koalitiounsaccord fannen.

D‘LSAP huet am neie Parlament eelef Sëtz. D‘CSV kéim och mat de Sozialisten op eng Majoritéit vun 32 Sëtz an der Chamber. Soubal de Luc Frieden gëscht vum Grand-Duc als Formateur genannt gouf, huet den CSV-Spëtzekandidat kloer gemaach, datt hien der DP d‘Prioritéit gëtt.

Lauschterenplay_arrow