Nach bis den 31. Dezember gëlle méi héich Subsiden. Fir eng Photovoltaik-Anlag kréie Privatleit am neie Joer nach bis zu 50 Prozent vun de Käschte vum Staat rembourséiert. Aktuell sinn et bis zu iwwer 60 Prozent. Och fir d’Ersetze vun enger aler Heizung duerch eng klimafrëndlech Alternativ, a fir d’Isolatioun vun engem Wunnhaus gëllen 2024 nees manner héich Subsiden. Et sief dann d’CSV-DP-Koalitioun entscheed sech nach anescht, wat den Ëmweltminister op Nofro hin net ausgeschloss huet.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Regierung decidéiert dës Woch iwwer Zukunft vu Klima-Subsiden
Klima- an Ëmwelt
Regierung decidéiert dës Woch iwwer Zukunft vu Klima-Subsiden
D’Regierung wëll e Mëttwoch entscheeden, wéi et mat de Subsidë fir d’energetesch Sanéierung vu Gebaier am neie Joer weider geet. Dat sot den Ëmwelt- a Klimaminister Serge Wilmes haut no enger Entrevue mat der zoustänneger Chamberkommissioun.
auto_stories
1 min