Nach am éischte Semester vun dësem Joer soll jo déi nächst Indextranche vun 2,5 Prozent erfalen. D’Upassung vum Mindestloun un d’Lounentwécklung – déi all zwee Joer geschitt – läit vum 1. Januar u bei plus 3,8 Prozent oder 105 Euro pro Mount: dat huet d’Regierung haut decidéiert.
Insgesamt 170 Euro méi de Mount
Zesumme mat der Indexéierung wäert de Mindestloun ëm 170 Euro klammen, huet den Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV) ugekënnegt.
Fir d’Entreprisen z’entlaaschten, wäert de Staat 1,3 Prozentpunkte vun der Upassung vun 3,8 Prozent vum 1. Januar 2027 un iwwerhuelen, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles (DP).
Käschtepunkt fir de Staat vun 30 bis 50 Milliounen Euro
Wéi dat soll geschéien, a fir wéi laang kompenséiert wäert ginn, soll nach mam Patronatsdaachverband UEL diskutéiert ginn. De Lex Delles rechent mat engem Gesamt-Käschtepunkt fir de Staat vun 30 bis 50 Milliounen Euro.
"Et geet eis drëm, dass mer natierlech de Leit de Mindestloun kënnen augmentéieren. Et ass wichteg, dass mer en attraktive Mindestloun hei zu Lëtzebuerg hunn, an dass d'Leit och vum Mindestloun kënne liewen. Op där anerer Säit ass et eis awer och als Regierung wichteg, dass mer Betriber hunn, déi et hei zu Lëtzebuerg och an Zukunft nach wäerte ginn, déi kënne sécher Aarbechtsplaze garantéieren"
Gewerkschaften haten däitlech mei héich Hausse gefuerdert
D’Gewerkschaften haten däitlech méi Erhéijung vum Mindestloun gefuerdert, wéi elo vun de béide Ministeren ugekënnegt gouf. De Marc Spautz ka sech deemno virstellen, datt OGBL an LCGB net frou iwwer d’Resultat sinn.
"Mee et muss ee jo wëssen zwëschent deem näischt maachen an 11 % do läit eppes dertëschent. Dofir ginn ech dovun aus, dass si sech och net wäerte positiv zu deem Accord äusseren. Eis ass et wichteg, dass mer trotzdeem bei all deenen anere Sujeten, déi nach ustinn, dass et muss méiglech sinn, am Sozialdialog och hei zu Lëtzebuerg Ännerungen ze bréngen."
Eventuell Tripartite je no geopoliteschen Entwécklungen
No den elo ugekënnegten Erhéijunge soll de Mindestloun dem Marc Spautz no, vun Ufank 2027 un, liicht méi héich leien, wéi déi 60 Prozent vum Medianloun, déi eng EU-Direktive recommandéiert.
"Dat wat mir gerechent hunn, ass och dat wat an der Direktiv steet. A wa mer dat alles elo zesumme rechnen, mat deenen Augmentatiounen, déi geplangt sinn, fir den 1.1.2027 komme mer op 60,2 %."
Jee no Entwécklungen am Kontext vum Krich am Noen Osten, wier eng zweet Indextranche dëst Joer net ausgeschloss, esou den Aarbechtsminister. An deem Fall wäert eng Tripartite zesumme geruff ginn, esou wéi den CSV-DP-Koalitiounsaccord et virgesäit, huet de Marc Spautz bestätegt.
Reaktioun vun der Gewerkschaftsfront
Déi automatesch Upassung vum Mindestloun an d’Indextranche als eng Erhéijung ze verkafe wier d'Leit “fir domm verkaf”, esou d’Nora Back vum OGBL an enger éischter Reaktioun.