Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Regierung "an Echange" mat ArcelorMittal fir d'Hannergrënn vun Accidenter am Kasachstan ze klären

No Accidenter a kasacheschen Minnen

Regierung "an Echange" mat ArcelorMittal fir d'Hannergrënn vun Accidenter am Kasachstan ze klären

Nodeems et an de Minne vun ArcelorMittal am Kasachstan an de leschte Méint direkt zwee Mol zu engem déidlechen Ongléck komm ass, hu sech de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Franz Fayot an den Ausseminister Jean Asselborn elo an enger gemeinsamer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Lénk zu de Virfäll geäussert.

auto_stories

1 min

D’Entreprise mat Sëtz zu Lëtzebuerg kritt virgehäit, datt sech an der kasachescher Filiale net un d’Sécherheetsreegele gehale gëtt an d ‘Mataarbechter schlecht behandelt ginn. 

Déi Lénk hunn an deem Kontext gefrot, wéi eng Schrëtt d’Lëtzebuerger Regierung wëllt ënnerhuele fir sécher ze stellen, datt ArcelorMittal d’Mënscherechter respektéiert a sech un déi Sozial-, d‘Sécherheets- an Ëmwelt-Standarden hält.

An der gemeinsamer Äntwert vum Wirtschaftsminister a vum Ausseminister heescht et, ArcelorMittal hätt no der déidlecher Explosioun Enn Oktober an engem Schreiwes ugekënnegt déi betraffe Famille finanziell ze entschiedegen.

Lëtzebuerg wier och am Echange mat de Responsabele vum Grupp fir d‘Hannergrënn vum Ongléck ze klären. Lëtzebuerg géing all d‘Entreprisen déi am Grand-Duché etabléiert sinn, dorënner och ArcelorMittal, encouragéieren déi néideg Moossnamen ze huelen, fir déi sozial Oplagen, ewéi och d‘Sécherheet- an Ëmweltoplagen ze garantéieren.