Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Regierung: De Koalitionsaccord gëtt muer um hallwer 11 ënnerschriwwen

Communiqué

Regierung: De Koalitionsaccord gëtt muer um hallwer 11 ënnerschriwwen


Muer de Moien um hallwer 11 gëtt de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen. Dat deelt d‘Regierung an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

Virdru musse béid Parteien nach gréng Luucht vun hire Gremie kréien. Bei der DP kënnt de Comité directeur um 7 Auer zesummen, bei der CSV ass en Nationalrot, an um hallwer aacht e Kongress. Si mussen d‘Zoustëmmung kréie fir d'Regierungsequipe a -programm fir déi nächst fënnef Joer.

Eisen Informatiounen no kënnt och déi nei CSV-Fraktioun den Owend kuerz zesumme fir en neie Fraktiounschef ze designéieren. Dem Marc Spautz gi gutt Chancen nogesot.