arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reform vum Gesetz iwwer Privatschoulen: Och do sollen et Lëtzebuergesch-Coursë ginn

Chamber

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Reform vum Gesetz iwwer Privatschoulen: Och do sollen et Lëtzebuergesch-Coursë ginn

An Zukunft soll et och an de Privatschoule Lëtzebuergesch-Coursë ginn. Dat huet den DP-Educatiounsminister Claude Meisch an der Chamber op eng Fro vun der LSAP-Deputéiert Francine Closener geäntwert. Den Ament géif een un enger Reform vum Gesetz iwwer d’Privatschoule schaffen, esou de Claude Meisch.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© Illustratioun: radio 100,7/Adobe Stock
(Foto: Illustratioun: radio 100,7/Adobe Stock)

Den DP-Minister wier fest decidéiert fir domat och Lëtzebuergesch-Coursen anzeféieren, esou de Claude Meisch.

Opnamcritèrë fir Privatschoulen?

D’Francine Closener wollt dann och wëssen, ob ugeduecht wier, Opnamcritèrë fir Privatschoulen anzeféieren an d’Subventionéierung vun de Privatschoulen dorun ze knäppen. Doduerch kéint de sozialen Zesummenhalt gestäerkt ginn, mengt d’LSAP-Deputéiert a bezitt sech op e Rapport vum Observatoire national de l’enfance, de la Jeunesse et de la qualité scolaire.

Dem Claude Meisch no wier dat awer den Ament net virgesinn.

"Dat hätt jo nach eng Kéier eng aner Inzidenz. Wa mir manner ëffentlech Gelder de Privatschoulen zoukomme loossen, da musse se anzwuersch aneschters fannen an entweder fanne se se da bei den Elteren an da gëtt déi sozial Segregatioun nach eng Kéier méi staark gemaach. A mir hunn eis iwwer déi lescht Joren och dacks Suerge gemaach, datt vun anere Quellen ëffentlech oder Privatschoulen hei zu Lëtzebuerg géife finanzéiert ginn."

Dat wier net wënschenswäert, fënnt de Claude Meisch. Dofir wier et keng Piste gewiescht, déi ee bis ewell verfollegt hätt, esou nach den Educatiounsminister.

Wéini genee de Gesetzesprojet zur Reform vun de Privatschoule soll deposéiert ginn, konnt hien net soen. Et soll awer nach dës Legislaturperiod geschéien.

play_arrow Lauschteren