Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Wombats - Sorry I'm Late, I Didn't Want To Come

play_arrow Live
search

/ Referendum iwwer Fusiounsprozess ass den 23. Mäerz

Nordstad

Referendum iwwer Fusiounsprozess ass den 23. Mäerz

Den 23. Mäerz ass zu Bettenduerf de Referendum doriwwer, ob d’Gemeng awer nach um Fusiounsprozess vun der Nordstad deelhuele soll oder net. Dat huet de Gemengerot am fréie Mëttwochowend eestëmmeg entscheet.

auto_stories

1 min

Foto: Eric Ewald

Viru ronn zwee Méint hat sech dee Gemengerot bekanntlech mat 7 Nee - a 4 Jo-Stëmmen dogéint entscheet, weider dorun deelzehuelen. Doropshin hat eng Biergerinitiativ 598 valabel Ënnerschrëfte gesammelt, fir datt et zu engem Referendum sollt kommen, wat ronn 35,3 Prozent vun den Awunner:innen entsprécht.

Am Ufank sollt dee Referendum den 23. Februar sinn. No Récksprooch mam Inneministère gouf sech elo awer fir den Datum genee ee Mount dono decidéiert.