Dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen no hätt dat och Ëmweltauswierkungen op déi Lëtzebuergesch Grenzgemengen, an domat op d‘Gesondheet vun de Leit an der Regioun.
Hie wollt vum Ëmweltminister an enger Question parlementaire wëssen, ob an esou engem Fall och déi Lëtzebuerger Autoritéite gefrot ginn. Dat wier bis elo net de Fall, äntwert den Ëmweltminister Serge Wilmes.
Keng méi héich Wäerter bis elo
D’Ëmweltverwaltung hätt bis elo keng Informatioune kritt, an si wier och net vun de belschen Autoritéite kontaktéiert ginn.
De Minister weist drop hin, datt d’Ëmweltverwaltung eng Miessstatioun zu Rodange stoen huet, wou de Stëbs-Nidderschlag an den Undeel vun de Schwéiermetaller am Stëbs iwwerwaacht ginn. Bis elo wieren do nach keng méi héich Wäerter festgestallt ginn.