Radioen

On air

Simon Says  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Recettë vum Zentralstaat si méi séier geklomme wéi d'Depensen

Staatsfinanzen

Recettë vum Zentralstaat si méi séier geklomme wéi d'Depensen

D‘Recettë vum Staat sinn an den éischten 3 Trimestere vum Joer méi séier geklomm wéi d‘Depensen. Een Dag ier de Staatsbudget fir 2025 presentéiert gëtt, sinn dat gutt Nouvelle fir de Finanzminister (CSV).

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© pressefoto_korb | Micha Korb play_arrow
Foto: pressefoto_korb | Micha Korb

 Deen huet déi entspriechend Chifferen de Moien de Membere vun der Finanz- a Budgetskommissioun presentéiert: D‘Depensë vum Zentralstaat si vu Januar bis September ëm 7,4 Prozent geklommen, manner séier also wéi d‘Recetten, déi ëm iwwer 14 Prozent geklomme sinn.

Dat gesäit op den éischte Bléck ganz positiv aus, sou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, et misst een awer bedenken, datt op Recettesäit eng ganz Rei exceptionnel Effekter gespillt hätten. Zum Beispill Entreprisen, déi ënnert dem Covid exceptionnel Resultater gemaach hätten, déi elo hir Steieren bezuelen respektiv e Bankesecteur, deen e ganz gutt Joer hannert sech hätt. Dofir misst een déi Zuelen och relativéieren:

"Engersäits kucken, datt do en effet rebond ass no deene ville Krisen déi mer déi lescht Joeren haten an op der anerer Säit awer trotzdeem och sech e bësse Suerge maachen iwwert déi strukturell Verännerungen déi komme besonnesch Steieren déi alleguerten erof gesat gi wou mer eis da musse froe wéi mer fir déi nächst Joren opgestallt hunn."

Ausso vum Franz Fayot lauschteren play_arrow

Et géif alles op Croissance gesat ginn, vun där ee géif menge si wier onendlech. Och am Finanzsecteur wäerten awer Schocke kommen, esou de Franz Fayot.Grad ewéi déi héich Investissementer, déi nach an den nächste Jore musse gemaach ginn.

De Franz Fayot huet donieft begréisst, datt d‘Regierung d‘Engagementer am Klimaplang PNEC wéilt anhalen an d‘CO2 Tax wéi geplangt etappeweis géif eropsetzen.