Radioen

On air

Simon Says  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reaktiounen uechter d'Welt op den Doud vum Alexei Nawalny

Weltwäit

Reaktiounen uechter d'Welt op den Doud vum Alexei Nawalny

De Kreml-Géigner Alexei Nawalny ass am Gefaangenelager am Alter vu 47 Joer gestuerwen. Seng Fra, déi gëschter nach keng Confirmatioun vum Doud vun hirem Mann kritt hat, huet betount de Russesche President Vladimir Putin fir seng Akten eng Kéier misst bezuelen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | UroÅ¡ ArsiÄ
(Foto: picture alliance / NurPhoto | UroÅ¡ ArsiÄ)

Uechter d'Welt gouf et Reaktiounen op den Doud vum Kreml-Kritiker. D'EU mécht eenzeg de russesche Regime responsabel sou wéi och d'Kamala Harris, US-Vizepresidentin, "egal wat géif Verzielt ginn".

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet betount, de Nawalny hat un e fräit, oppent an demokratescht Russland gegleeft a gouf iwwer Jore vergëft, roueg gestallt an isoléiert.

D'Vereenten Natiounen hunn en Enn vun der politescher Verfollgung verlaangt. Uechter d'Welt hu Leit sech versammelt fir dem Nawalny ze gedenken. Och a russesche Stied, trotz Verbuet vu Manifestatiounen.