Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ratingagence Fitch stuuft Griicheland erop

Wirtschaft

Ratingagence Fitch stuuft Griicheland erop

D‘Ratingagence Fitch huet Griicheland hënt vun engem BB+ op en Triple B Minus mat stabelen Aussichten eropgestufft. Domat ass Griicheland nees an der Kategorie vun deene Länner an déi kann investéiert ginn.

auto_stories

1 min

Logo vun der Ratingagence Fitch | © picture alliance / dpa | Fredrik von Erichsen
Logo vun der Ratingagence Fitch (Foto: picture alliance / dpa | Fredrik von Erichsen)

Am Oktober hat och schonn d‘Ratingagence Standard and Poor‘s d‘Land op dës Stuf gehéicht. D‘Regierung zu Athen huet dee Schrëtt begréisst. De Finanzminister Kostis Chatzidakis (Ratzidakis) huet de Moie vun engem groussen nationalen Erfolleg geschwat. Wéinst der Scholdekris war d‘Kreditwierdegkeet vum Land 2010 op Ramsch-Niveau erofgestuuft ginn. Dee Moment kënne Staate sech quasi kee Geld méi vun internationalen Investisseure méi léinen. Déi aner Eurolänner, den Internationale Währungsfong an d‘Europäesch Zentralbank haten Athen mat milliardeschwéiere Krediter an Hëllefsprogrammer ënnerstëtzt. Am Géigenzuch huet Griicheland sech zu Reformen an déigräifende Spuermoossname verflicht. 2018 koum d‘Land nees aus der Kris.