Geschriwwe vum Léo-Paul Hoffmann
An der E-Mail, déi d'Cyrine vun der Immobilienagence krut, stoung et Schwaarz op Wäiss. "Mir wëlle keng Albaner, Bulgaren oder Afrikaner."
Als jonk Fransousin mat tuneesesche Wuerzelen hat d'Cyrine sech no fënnef Joer an enger WG zu Lëtzebuerg op d'Sich no enger klenger Wunneng fir sech eleng gemaach. Klassesch iwwer eng grouss Immobilien-Annoncësäit ass si a Kontakt komm mat enger Agence fir en Zëmmer vun 19 Quadratmeter mat Gemeinschaftskichen. Dat fir 1.300 Euro de Mount an engem Appartementshaus an der Stad.
Wéineg Fäll, wou ee Rassismus noweise kann
Wou si no engem Rendez-vous gefrot huet, krut si bannent 5 Minutten eng Äntwert, wou no hirer Hierkonft an hirem Revenue gefrot gouf.
"En disant clairement qu'ils souhaitaient pas avoir de personnes avec des origines bulgares ou albanaises ou d'Afrique, ou même des hommes chinois. C'était assez précis."
Déi Aussoe schocken net nëmmen d‘Cyrine, mee och de Mënscherechtsaffekot Frank Wies. Hie seet et géife wéineg Fäll ginn, wou een Diskriminatioun tatsächlech noweise kéint. Dofir ass d'Jurisprudenz fir dëse Fall och net grouss genuch.
Am Artikel 455 um Code pénal steet zwar kloer, datt d'Diskriminatioun opgrond vun der Originnen, vun der Hautfaarf oder vum Geschlecht strofbar ass, mee de Frank Wies weess, datt dësen Artikel net dacks applizéiert gëtt.
"Dat si Saachen, déi mir gesot kréien, mee déi een awer ganz seele Schwaarz op Wäiss geschriwwen huet. Also dat gëtt et. An dat sinn och Leit, déi sech eeben driwwer beschwéieren."
Dacks géifen awer d‘Beweiser feelen, esou den Affekot.
Agence a Besëtzer spillen de Ball hin an hier
Wéi konnt et zu där E-Mail kommen? Dorop ugeschwat geheie sech d‘Agence a Besëtzer de Ball hin an hier. D'Agence erkläert dem Radio 100,7 op Nofro hin, si missten "dofir suergen, datt Rou am Haus ass." Et wieren hei d'Proprietären, déi Drock gemaach hätten, fir eng Selektioun ënner de Kandidaten ze maachen.
D‘Agence wier dunn dovun ausgaangen, datt ee Leit mat bestëmmten Originnen eebe keen Accès op d'Zëmmer dierft ginn. Dorop ugeschwat behaapt de Besëtzer sengersäits am Gespréich, hie géif näischt dovu wëssen, an hie géif eng diskriminéierend Approche bei der Auswiel vum Locataire ofleenen.
Grouss Resonanz op Social Media
Wéi d‘Cyrine de Screenshot vun der E-Mail op hir sozial Netzwierker eropgelueden huet, huet sech erausgestallt, datt si mat dësem Problem net eleng ass. Als Admin vun engem lëtzebuergeschen Instagram-Account stellt si fest.
"Je pense qu'il y a eu au moins 50.000 vues sur la story, donc ça a été énormément partagé, parce que c'est vraiment un sujet qui touche énormément de personnes."
Vill Leit, virop och Jonker a Leit aus Indien, hätten hir vun änlechen Erfarungen erzielt, seet si.
D‘Cyrine huet fir den Ament nach keng Wunneng fonnt. Si iwwerleet sech, ob si déi ganz Saach bis viru Geriicht soll bréngen.
Aktiounsplang géint Rassismus kënnt fir d'Cyrine ze spéit
D'Regierung hat am Dezember en nationalen Aktiounsplang géint Rassismus presentéiert. Doran ass och eng Sensibiliséierung vun de Proprietären zum Theema Diskriminatioun virgesinn. Wann Agencë bei der Formatioun Location sans racisme matmaachen a gewësse Krittären erfëllen, kënne si dofir de Label 'Ech engagéiere mech géint Rassismus' kréien.
Dem Logementsministère no sollen déi Solutioune fréistens Enn dës Joers a Kraaft trieden. Ze spéit fir d‘Cyrine, déi also ouni dëse Label muss eens ginn.