search

/ Rapport weist déifgräifend Feeler a brittesche Maternitéen op

Groussbritannien

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Rapport weist déifgräifend Feeler a brittesche Maternitéen op

Et ass dee gréisste Maternité-Skandal an der Geschicht vum brittesche Gesondheetswiesen: Wéinst "déifgräifendem Versoen" vum National Health Service (NHS) goufen a Klinicken zu Nottingham méi wéi 500 Mammen a Puppelcher verletzt oder si gestuerwen - dëst geet aus engem neie Rapport ervir.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

D‘Zuele si schockéierend: Tëschent 2012 an 2025 hunn am Queen’s medical centre an am Nottingham city hospital 105 Puppelcher Gehierverletzungen erlidden. 155 Puppelcher si gestuerwen. D‘Maternitéen si chronesch ënnerbesat, et gëtt eng toxesch Atmosphär ënner dem Personal an d‘Patientinne ginn dacks net eescht geholl, besonnesch wann et People of color sinn oder si aus aarme Verhältnisser kommen, esou de Rapport.

Schwéier Kritik u Strukturen an Ëmgang mat Patientinnen

„Dëst ass e Bericht iwwer e System dee versot huet. Et ass e Bericht iwwer dat wat et kascht wa Systemer versoen. Et kascht Liewen, et kascht Zukunft, a fir Famillje kascht et alles,“ esou d‘Donna Ockenden, eng héichrangeg Hiewan, déi d‘Enquête geleet huet.

Et ass net den éischte Skandal am chronesch ënnerfinanzéierten NHS. Mee déi grujeleg Detailer an dësem neie Fall, hunn d‘Britte schockéiert.

Eenzel Schicksaler a schwéier Feeler

D‘Carly Wesson huet hir Schwangerschaft ënnerbrach, nodeem si gesot krut, datt hire Bëbee eng seele genetesch Krankheet hätt, déi dacks zu Feelgebuerte feiert. Duerno krut se awer gesot, datt d‘Testresultat falsch war.

D‘Felicity Benyon krut bei der Gebuert vun hirem Puppelchen eng Nout-Hysterektomie gemaach. Hir gouf dobäi aus Versinn d‘Blos erausgeholl. An engem anere Fall gouf een doudege Bëbee aus Versinn als klineschen Offall entsuergt.

Vill vun dëse Fäll wieren ni erauskomm. D‘Enquête gouf nämlech an d‘Liewe geruff, well d‘Eltere jorelaang Drock gemaach haten.

NHS ënner Drock – weider Enquête kënnt

Den Direkter vun der NHS sot, hie wier schockéiert a bestierzt. Och d‘Responsabel vun den zwou Klinicken hu sech entschëllegt fir d‘Péng an den Trauma, deen d‘Leit erlieft hunn. Et géif een elo un de Verbesserunge schaffen.

Mee Nottingham ass keen Eenzelfall. D‘nächst Woch gëtt e weidere Rapport iwwer Maternitéen a ganz England verëffentlecht.  

play_arrow Lauschteren