arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rapport iwwer PFAS: Elo misste mol Donnéeë gesammelt ginn, esou den Ëmweltminister

Ëmwelt

|
headphones

3 min

Rapport iwwer PFAS: Elo misste mol Donnéeë gesammelt ginn, esou den Ëmweltminister

Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes huet an den zoustännegen Chamberkommissiounen den éischte Rapport iwwer déi sougenannten Eiwegkeetschemikalie PFAS presentéiert. Op dee Rapport gouf iwwer 2 Joer gewaart.

headphones

3 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

De Serge Wilmes huet ugekënnegt, datt en éischten interministerielle Arbechtsgrupp mat Vertrieder aus de Ministèren Ëmwelt, Santé a Landwirtschaft agesat gouf. Dee soll d’Sourcë vun der PFAS-Belaaschtung besser identifizéieren an d’Surveillance ausbauen.

An dem 70 Säite laange Rapport si 40 Mesurë virgesinn, déi a véier Beräicher opgedeelt sinn. An éischter Linn géif et awer drëm goen, iwwerhaapt mol Donnéeën iwwer de Sujet PFAS zu Lëtzebuerg ze sammelen, esou de Serge Wilmes. 

"Den éischten Achs ass deen, datt mir weider mussen nach Wësse sammelen iwwer d'Quelle vun der Pollutioun an iwwer wéi staark mir de Substanzen ausgesat sinn an et domadder eng Evolutioun vun de Risike kënne maachen." 

D'Kontrollen an d'Miessunge vum Drénkwaasser sollen ausgebaut ginn 

Déi zweet Achs wier, datt ee misst d'Miessunge verbesseren, esou de Serge Wilmes. 

"Deen drëtten Achs ass kloer, datt mir mussen de Risiko, fir sech d'PFASen aussetzen, erofsetzen, limitéieren, respektiv ganz verhënneren an Zukunft. Fir dann dee Risiko net méi ze hunn. An dee véierten Achs ass dee fir de Public besser transparent och iwwer déi Donnéeën, déi Etüden, déi Enquêten, déi gemaach ginn, ze informéieren.”

déi gréng wënsche sech "Sofortprogramm" 

E besonnesche Fokus soll dobäi op d’Drénkwaasser geluecht ginn. D’Kontrollen an d’Miessunge vum Waasser sollen ausgebaut ginn. Parallel dozou schafft d’Regierung un enger Iwwerpréiwung vum Règlement zur Drénkwaasserversuergung, esou den CSV-Minister Serge Wilmes.

Deene grénge geet de Rapport net wäit genuch. Amplaz d'Sourcen an den Impakt vun der Eiwegkeetschemikalie ze kucken, wënscht d'Oppositiounspartei sech ee "Sofortprogramm", esou d'Deputéiert Joëlle Welfring. 

"Et gëtt net gesot, wou mer, wéini wat soll geschéien. Et gëtt gesot, mir schaffe lo eng Strategie aus. Dat hu mer virun engem Joer scho gefrot. An deem Sënn fannen ech dat och hei e bësse bedenklech, dass et elo net méi do läit. Also ech fannen, dass vill Aarbecht gemaach ginn ass, wat d'Analytik ugeet. An dat ass och ganz wichteg. Mee dat geet jo natierlech net duer. Et muss ee jo och elo kucke wou kann ee wierklech och agräifen." 

Kritik un der Aart a Weis, wéi de Rapport presentéiert gouf

Dat ronn 70 Säite laangt Dokument war den Deputéierten eréischt kuerz virun der Sëtzung ausgedeelt ginn. Zum Schluss wier och net méi vill Zäit fir eng politesch Debatt bliwwen. 

PFAS kënnt a villen Alldagsgéigestänn vir. D'Eiwegkeetschemikalie kann an der Natur net komplett ofgebaut ginn a sech am mënschleche Kierper usammelen. Deemno bréngt PFAS ee Risiko fir d'Gesondheet a fir d'Ëmwelt mat sech.