search

/ Radio 100,7: Esouvill Nolauschterer an Nolauschterinne wéi nach ni

Statistiken

|
headphones

1 min

Radio 100,7: Esouvill Nolauschterer an Nolauschterinne wéi nach ni

Ronn 33.000 Leit am Schnëtt lauschteren all Dag dëse Radio. Dat si 5,9 Prozent vun de Leit iwwer 16 Joer, déi zu Lëtzebuerg liewen. Op 14 Deeg gekuckt läit d'Audience bei 95.000 Leit. Dat si knapp 17 Prozent vun den Awunner:innen.

headphones

1 min

Dës Zuele kommen aus der Trail-Etüd, déi vun IP Lëtzebuerg, der Régie publicitaire vun RTL Group, an Optrag gi gouf.

Par rapport zur leschter Editioun vun der Ëmfro huet den 100,7 bäigeluecht. Déi meescht aner Radioen hu liicht verluer.

RTL Radio Lëtzebuerg bleift mat 30,3 Prozent de Sender mat der héchster Dagesecoute, virun Eldoradio mat 16,5 Prozent. Der Ëmfro no lauschteren 355.000 Persounen hei am Land all Dag Radio. Déi meescht dovun am Auto.