De Luc Marteling, RTL-Direkter fir Informatioun, sot am 100,7 Interview, datt si sech am Mäerz intern beroden hätten, an zu dësem Entschloss komm wieren. Dëst géif awer net bedeiten, datt een d’Kommentarfunktioun zou mécht, mee et géif ee se an de Soziale Medien zentraliséieren.
Kommentarer ginn op Social Media zentraliséiert
Well op Facebook oder Instagram kann ee weider Kommentarer ënner d’Noriichte vun RTL schreiwen.
Op d’Fro, ob een domat net seng Verantwortung un dës Plattformen ofgëtt, sot de Luc Marteling, datt een ëmmer eng Responsabilitéit vis-à-vis vu senger Lieser:innen – an dem Contenu, deen ee publizéiert - huet.
“Mir hunn eng Verantwortung vis-à-vis vun eisen Utilisateuren, déi am Zentrum sti vun eiser Aarbecht.”
Mat der Zentraliséierung vun de Kommentarer op de Meta-Plattformen hätt een awer net méi déi selwecht Kontroll, wéi op senger eegener Plattform. E bësse Responsabilitéit géif een domat schonn ofginn.
D’Kommentarer géifen awer och hei weiderhi curatéiert ginn. RTL géif d’Debatt domat weider kontrolléieren andeems Aussoen, déi géint d’Gesetz verstoussen, geläscht oder gemellt ginn.
Eng Aarbecht, déi belaascht
Als Direkter wier ee gläichzäiteg awer och verantwortlech fir seng Mataarbechter:innen an d’Linn vum RTL-Grupp. D’Online-Ekipp, déi d’Kommentarer iwwerpréiwen, hätten eng helle Wull un Aarbecht.
“Wann ee just dat géif maachen, mengen ech wier et eng Zoumuddung, well et schonn ustrengend ass.”
Datt dës Nouvelle elo am Summer kënnt, wou vill Leit an der Vakanz sinn a manner aktiv Noriichte konsuméieren, wier keen Täuschungsmanöver. Et hätt ee sech bewosst fir dësen Zäitraum entscheet.
"Well et gëtt keng aner Zäit, mengen ech, déi dofir iwwerhaapt géif a Fro kommen”
All Hiweis wier wëllkomm
Wann een dës Schrëtt wärend enger Tripartite, enger Pensiounsdebatt oder engem Politmonitor géif huelen, da kéint RTL éischter ënnerstallt ginn, den Discours andämmen ze wëllen.
Wéi dacks net appropriéiert Kommentarer, déi géint de gesetzlech Kader verstoussen, gepost ginn, wier schwéier ze soen.
Wa Lieser:innen eppes opfält, da kënne si RTL dat gäre mellen. Am beschte wier, wann d’Léit prezis soen, wou genee dee Kommentar steet. Dat géif der Ekipp vill Aarbecht ofhuelen.