arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ RN eng éischte Kéier mat Fraktiounsstäerkt am Senat

Frankräich

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

RN eng éischte Kéier mat Fraktiounsstäerkt am Senat

A Frankräich gouf gëschter d’Hallschent vum Senat nei gewielt. Besonnesch de rietsextreemen RN an d’Lénkspartei La France Insoumise konnten Erfolleger verbuchen. Et waren déi lescht Walen a Frankräich virun de Presidentiellen 2027.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Godong | Philippe Lissac
(Foto: picture alliance / Godong | Philippe Lissac)

178 vun 348 Plazen am Senat stoungen zur Wal. D’Muecht am Palais du Luxembourg bleift bei der Droite, déi vill Sëtzer verdeedege konnt. Déi grouss Gewënner vun dëse Wale waren awer souwuel d’Lénkspartei LFI, wéi och den RN.

LFI eng éischte Kéier am Senat

Eng éischte Kéier iwwerhaapt wäert LFI am Senat vertrueden si mat engem Senateur am Departement Rhône an nach engem gemeinsame Kandidat mat den Ekologisten am Departement Haute-Garonne.

Fir de Gabriel Amard, neigewielte Senateur vun LFI, ass säin Erfolleg och ee Signal fir d’Victoire vum Parteichef Jean-Luc Mélenchon, deen d’nächst Joer bei der Presidentielle wäert untrieden. 

Och fir den RN gouf et gëschter eng Premiere: Eng éischte Kéier konnten d’Rietspopuliste mat hiren Alliéierten déi néideg Zuel vun zéng Sëtzer erreechen déi et brauch, fir ee Grupp am Senat ze forméieren.

Den RN schwätzt vun enger historescher Victoire

E Grupp erlaabt et dem RN vu méi Finanzementer a méi Gespréichszäit am Senat ze profitéieren. Och kënne si elo Enquêtëkommissioune lancéieren. Wéinst de Resultater sot de Senatspresident Gérard Larcher, de Senat misst eng Plaz vum verstännegem Austausch a vu Reflexioun bleiwen.

play_arrow Lauschteren