D’Zil vun der Quartiersaarbecht wier, datt wa Projeten zesumme mat den Awunner ugefaange ginn, datt déi iergendwann vun de Bierger:inne selwer weidergeleet ginn.
“D’Leit kommen deelweis selwer mat Propose bei eis, déi mir da versichen zesummen ze realiséieren. Heiansdo komme si och mat Doleance bei eis. Do ass eis Aarbecht ganz wichteg, well mir d’Stëmm sinn, déi stellvertriedend fir si op d’Gemeng geet an dat viru gëtt.”
Am Quartier Italie gëtt et och e Quartierscomité, dee mat der Organisatioun iwwert Suerge vun de Leit schwätzt, déi dann nees viru gedroe ginn.
“Mir hunn immens vill Projeten, mee do hannendru steet ëmmer den Empowerment vum Bierger. Dat kann iwwer d’Sprooch goen, ‘d’expression verbale’, ‘d’expression écrite’, déi ganz wichteg ass fir d‘Integratioun. Mir hunn och kreativ Atelieren oder deen neie Projet ‘culture for all’, deen nächst Joer wäert ulafen. All Aktivitéit ass e ‘prétexte à la rencontre’, fir datt d’Leit sech begéinen an datt dee kulturelle Passage entsteet.”
Fir mat de Mataarbechter:inne vun Inter-Action a Kontakt ze kommen, huet d’Organisatioun eng sozial Permanence, wou d’Leit sech zu all Ament kënne mellen. Si trëppelen och duerch de Quartier a ginn a vun de Leit direkt op der Plaz ugeschwat. Vill Awunner erkenne si och doduerch op der Strooss. Anerer kennen d’Organisatioun Inter-Action vum Héiere-soe vun anere Leit a kommen dann an den Austausch. Eng wichteg Plaz fir sech ze treffen ass awer ouni Zweiwel och de Café Inês, deen existéiert schonn zënter 35 Joer. D’Inês selwer kritt och villes mat, wat hei am Quartier lass ass an och hei ass d’Zesummenaarbecht mat Inter-Action grouss.
“Wärend eisem Quartierstour bleiwe mir och heiansdo beim Café Inês stoen, et ass deen eenzege Café am Quartier a kommen dann och hei mat de Leit an d’Gespréich.”
Den Thomas Steinmann wier vun den Awunner am Quartier drop ugeschwat ginn, datt an hirem Véierel wärend dem Walkampf immens wéineg Walplakaten houngen. U wat genee dat läit, kéint hien net soen. A Gespréicher mat de Leit aus dem Quartier géif hien awer erzielt kréien, datt si sech heiansdo vun der Politik vergiess géife fillen, esou nach de Sozialaarbechter.