Radioen

On air

One World  |  Summertime

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess wéinst Opruff zum Haass a Beleidegung vum Xavier Bettel

Justiz

Prozess wéinst Opruff zum Haass a Beleidegung vum Xavier Bettel

Wéinst Beleidegung vum deemolege Premier Xavier Bettel an Opruff zum Haass krut de Freideg de Mëtteg e 57 Joer ale Mann um Stater Geriicht de Prozess gemaach.

auto_stories

2 min

Justiz | © Bigstock / AndreyPril
Foto: Bigstock / AndreyPril

Am September 2021 hat hien op Facebook e Post am Zesummenhank mat der Coronapolitik vun der Regierung gedeelt a komplettéiert. De Mann, dee fir Liberté mat an d’Chamberwale gaange war, hat dobäi am Kontext vun den Impfungen e Verglach mat AIDS an Homosexualitéit gezunn.

E Verglach, dee fir den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire mat den Hoer erbäigezu war a fir de Vertrieder vum Parquet en Dénigrement vun enger sexueller Orientatioun duerstellt. Wouzou den Ugeklote gemengt huet, et wier him net drëms gaangen, Homosexueller ze dénigréieren: „Dir hutt awer doriwwer geschriwwen!“, war d’Äntwert vum President vum Geriicht dorop.

Post als Protest un der Coronapolitik

Dëse Fall war, wéi vill anerer, iwwer Bee Secure gemellt ginn. De Beschëllegten hätt am Mäerz 2022, wéi hie gehéiert gouf, zouginn, dat gepost ze hunn, well d’Coronapolitik vun der Regierung him net gefall hätt, sou den Enquêteur vun der PJ. Ënner anerem hätt de Xavier Bettel sengerzäit gesot, Net-Geimpfter géifen d’Liewe schwéier gemaach kréien. Hien hätt sech just d’Fro gestallt, firwat dës Leit géife bestrooft ginn an hätt an deem Kader op „eng aner Randgrupp“ verwisen, huet den Ugekloten ausgesot. Hien hätt keng Viruerteeler géintiwwer dem Xavier Bettel an Homosexuellen, mee sech ugegraff gefillt vum Ex-Premier senger Ausso zum Impfen. „Ech däerf aus gesondheetleche Grënn net geimpft ginn“, huet de Mann betount. „Dir hutt net missen“, huet de Riichter geäntwert.

De Parquet fuerdert eng Geldstrof

An den Ae vum Vertrieder vum Parquet hätt de Mann net wëllen zu enger oppener Diskussioun bäidroen; villméi wär säin Text eng Kritik un der Homosexualitéit gewiescht. Dofir sollt eng ugemoosse Geldstrof gesprach ginn.

D’Uerteel ass fir den 1. Mäerz.

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft