Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozess géint Shakira a Spuenien fänkt un

Wéinst Steierhannerzéiung

Prozess géint Shakira a Spuenien fänkt un

A Spuenie fänkt haut de Prozess géint déi kolumbianesch Popsängerin Shakira un, et geet ëm Steierhannerzéiung a Milliounenhéicht. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Image Press Agency
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Image Press Agency)

Déi 46 Joer al Kënschtlerin soll tëscht 2012 an 2014 iwwer 14 Milliounen Euro laascht de spuenesche Fisk geschleist hunn. De spuenesche Parquet verlaangt eng Prisongsstrof vun aacht an engem hallwe Joer an eng Geldstrof an Héicht vu bal 24 Milliounen Euro.