Am Februar 2024 hat eng deemools 41 Joer al Fra d’Noutruffzentral vum CGDIS ugeruff a gesot, si hätt ze vill Medikamenter geholl. Si hat bäigefléckt, datt den Owend schlecht ausgoe géif, wa si esou weiderfuere géif. Véier Deeg drop, am Mäerz 2024, war der Fra hir Läich fonnt ginn. Den Operateur vum 112 hat der Fra bei hirem Appell vun 99 Sekonnen zum Deel ganz sec geäntwert.
Kritik un der Reaktioun vum Operateur
Esou hat de Mann am Message, deen de Moie virgespillt gouf, ënner anerem gefrot, firwat si um 112 uruffe géif a wéi eng Ambulanz an hirem Fall hëllefe sollt. Dobäi hat d’Fra vu véier Selbstmordversich geschwat, déi si schonn hannert sech hätt.
Um Enn vum Appell hat si gesot, datt si net weider stéiere wéilt. Hie wier erféiert a géif sech net erëmerkennen, huet den Ugekloten nom Lauschtere vum Message erkläert. Trotz de ganz villen Appeller, déi all Dag op engem laaschte géifen, wier dat “ganz kloer net dat, wat ee sech erwaart, wann een den 112 urifft”.
“Kee schlecht Gefill”
Fir de Mann, deen zënter 2019 op der Noutruffzentral vum CGDIS schafft, sollen d’Operateuren Appeller bannent 90 Sekonnen traitéieren. Si hätten also eng Minutt, fir eng Decisioun ze treffen. Hien hätt beim Appell vun der Fra kee schlecht Gefill gehat an dofir keng Ambulanz erausgeschéckt. De Mann huet betount, et wier net seng Absicht gewiescht fir keng Hëllef ze ginn. D’Affär hat keng berufflech Konsequenze fir hien.
Parquet gesäit ënnerloossen Hëllef
Der Vertriederin vum Parquet no wier d’Affär eréischt opgeflunn, well der Fra hire Psychiater deselwechten Owend och e Message vun hir krut. Doran hat d’Fra gesot, den 112 hätt keng Hëllef geschéckt.
De Beschëllegten hätt sech anormal verhalen, wier genervt gewiescht an hätt d’Fra net eescht geholl. Domat léich ënnerloossen Hëllef vir, esou d’Vertriederin vum Parquet.
De Mann kéint sech net hannert der Aarbechtsbelaaschtung verstoppen, wann eng eescht Gefor besteet, a wéinst der Gravitéit vun de Faite sollten ënner anerem 12 Méint Prisong mat Sursis gesprach ginn.
Dëse Prozess dierft en Dënschdeg ofgeschloss ginn.