An engem Mount gëtt hie groussjäreg. De jonke Mann kritt Virsaz reprochéiert. Hie selwer huet gëschter erkläert, aus Roserei eraus gehandelt ze hunn.
Fir de jonke Mann, deen de Moment zu Dräibuer ass, wier seng Mamm ëmmer nees vum Stéifpapp geschloe ginn. Hien hätt e Messer matgeholl, well hien Angscht virum Stéifpapp hat an deem Angscht maache wollt. De Mann doutzemaache wier awer net seng Intentioun gewiescht, sot de Beschëllegten.
Spannungen an der Famill
Hire Mann hätt mat der Zäit säi Verhale geännert an hir Bezéiung wier toxesch gewiescht, huet d’Mamm ausgesot. Si ka sech d’Dot vun hirem Fils net explizéieren. Wéi si hire Mann um Buedem leie gesinn hätt, hätt si dann och un en Täter vu bausse geduecht. Dem zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire no hätt d’Fra no enger Zäit zouginn, datt hire Fils no der Dot fortgelaf ass. Dee wier den Dag selwer zu Wuermer festgeholl ginn. Zënter dem Ufank vun hirer Bezéiung hätt et Spannunge ginn tëschent hir an hirem Mann, respektiv hirem Jong an hirem Mann, esou d’Fra.
Um Ufank vun der Sëtzung hat d’Me Lynn Frank, Affekotin vum Beschëllegten, de Huis clos gefrot, eng Demande, déi allerdéngs vum Geriicht verworf gouf. Um Enn vun der Sëtzung dann huet de Riichter dem Ugekloten nach emol an d’Gewësse geriet. Dee wéisst jo, datt hie liewenslänglech riskéiere géif. Dofir sollt hie sech gutt iwwerleeën, wat hie beispillsweis zur Roll vu senger Mamm ze soen hätt.