Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozess an enge vun de gréisste Pedokriminalitéitsaffairen 

Frankräich

Prozess an enge vun de gréisste Pedokriminalitéitsaffairen 

Zu Vannes a Frankräich ass um Méindeg den Optakt vum Prozess an enge vun de gréisste  Pedokriminalitéitsaffairen jee a Frankräich.  De fréiere Chirurg Joël Le Scouarnec kritt sexuell Gewalt un iwwer 300 jonke Patientinnen a Patienten an enger Dose Spideeler virgehäit. 

auto_stories

1 min

Déi meescht vun hinnen haten zum Moment vun de Faite manner wéi 15 Joer a waren dacks ënner Narkos oder amgaangen aus der Narkos z‘erwächen. De 74-Järegen huet seng „Implicatioun“ an der Majoritéit vun de Faiten zouginn. De Prozess ass op 4 Méint ugesat. Hie riskéiert eng Prisongsstrof vun 20 Joer.

Net säin éischte Prozess wéinst sexueller Gewalt

D‘Enquêteure sinn op d‘Affer gestouss, wéi si dem fréiere Chirurg seng Tagebicher gelies hunn, déi bei enger Perquisitioun 2017 bei him doheem fonnt goufen. Dat nodeems seng Nopesch vu 6 Joer hie wéinst Vergewaltegung denoncéiert hat. Hie gouf viru 5 Joer schonn eng Kéier zu enger Prisongsstrof wéinst Vergewaltegung a sexueller Gewalt, ënnert anerem géint zwou vu sengen Niessen, verurteelt.