Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozess Valentiny-Schengener Schäfferot: d'Urteel gëtt den 28. Mäerz gesprach

Geriicht

Prozess Valentiny-Schengener Schäfferot: d'Urteel gëtt den 28. Mäerz gesprach

Den 28. Mäerz gëtt d’Urteel am Prozess vum Architektebüro Valentiny géint de Schengener Schäfferot gesprach: Dat huet d’Presidentin vum Geriicht am spéide Moie festgehalen. Do virdrun haten d’Affekote vum ugeklote Gemengentechniker deem säi Fräisproch vun de Reprochë vu Prise illégale d’intérêts an Diffamatioun oder Calomnie gefuerdert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Me Nora Dupont ass op d’Ausso agaangen, déi hire Client gemaach hätt, datt d’Ära Valentiny zu Schengen eriwwer wier. Well de Beschëllegte sot, déi Ausso ni gemaach ze hunn, misst et fir de Volet Diffamatioun/Calomnie zu engem Fräisproch kommen.

Prozess, ouni den Ufank vun enger Preuve ze hunn

Dat selwecht huet de Me Rosario Grasso fir de Volet Prise illégale d’intérêts verlaangt: Um Enn huet hien de symboleschen Euro Schuedenersatz fir säi Client gefrot, wéinst mëssbräichleche Poursuitte vu Säite vum Büro Valentiny. De Gemengentechniker wier net deen, deen imposéiere géif, mat weem d’Gemeng ze schaffen hätt, sou den Affekot. Dat wier eng béiswëlleg Beschëllegung, fir déi och keen Zeie geruff gi wier.

Villméi hätt de Gemengesekretär viru Geriicht gesot, datt hie proposéiert hätt, fir mat deem Büro zesummen ze schaffen. De Büro Valentiny hätt nämlech scho laang net méi un enger Schoul geschafft, am Géigesaz zum anere Büro. Den technesche Service vun der Gemeng wier dono eréischt an d’Spill komm. Et wier lächerlech an net seriö, eng Affär viru Geriicht ze bréngen, ouni den Ufank vun enger Preuve ze hunn, huet de Me Grasso betount. A wann hei een zum Fraass dohi gehäit gi wier, da wieren dat déi Ugekloten. Wann ee keng kloer Beweiser hätt, da misst ee sech iwwerleeën, ob een eng Citation directe mécht. Doriwwer eraus hätt et zum Beispill och net de geréngste Beweis dofir ginn, datt dem Büro Valentiny duerch dës Affär een Optrag verluer goung.

Michel Gloden: Een entwierdege Prozess

Ganz um Enn huet de Buergermeeschter Michel Gloden nach vum ellene Reproche geschwat, datt hien eng Decisioun geholl hätt aus waltaktesche Grënn. An den ugeklote Gemengentechniker huet erkläert, hie géif säi Beruff mat Impartialitéit maachen. Et wier eng grave Ausso, datt hie Saachen decidéiert hätt. De Prozess wier entwierdegend gewiescht an hien doduerch a senger Éier blesséiert.

Lauschterenplay_arrow