Wéi net anescht ze erwaarden haten d’Affekotin vum Architektebüro an den Affekot vum Schengener Schäfferot eng komplett géigesätzlech Vue op d’Faiten. Mat engem Plädoyer, deen d’Membere vum Schäfferot an den ugeklote Gemengentechniker net geschount huet, hat d’Me Kohll virgeluecht.
Aus näischt wiere grave Reprochë gemaach ginn
An hiren Ae wier d’Diffamatioun vum Büro Valentiny erwisen, well an der ominéiser Gemengerotssëtzung vum Mee zejoert fënnef Grënn fir d’Opléise vun zwee Kontrakter ugefouert gi wieren. Véier vun deene Grënn wieren allerdéngs net néideg a souguer béis gewiescht.
Et wier zu Aussoe komm, déi hire Cliente geschuet hätten, wéi zum Beispill datt de Büro net géif maachen, wat een him seet. Dobäi wieren d’Wënsch, déi d’Gemeng am Verlaf vum Projet hat, séier wuel ëmgesat ginn. Aus näischt wiere grave Reprochë gemaach ginn, an dat kuerz virun de Gemengewalen, woumat de Büro Valentiny sacrifiéiert gi wier. D’Gemeng hätt es genuch gehat mam Büro an de Gemengentechniker ëmmer erëm Problemer gesinn. Deen hätt d’Soe gehat, wat de Schoulcampus Baggerweier zu Rëmerschen ugeet, a wier vu kengem kontrolléiert ginn, sou d’Affekotin vum Büro Valentiny, déi hir Fuerderung no Schuedenersatz an Héicht vu 50.000 Euro widderholl huet.
Waltaktesch Grënn?
Eng ganz aner Klack huet de Me Philippe Penning gelaut. Hien huet d’Fro gestallt, ob de Buergermeeschter Michel Gloden an deem Gemengerot vum Mee zejoert déi fënnef Grënn fir d’Opléise vun de Kontrakter am Detail presentéiert hätt, a selwer geäntwert, datt dat net bewise wier. Hätt een net dierfe soen, datt et mam Büro Valentiny net méi goe géif, war eng weider Fro. D’Äntwert heirop war, datt dat keng Diffamatioun duerstelle géif, well domat näischt Béises gesot gi wier.
De Reproche, datt de François Valentiny aus waltaktesche Grënn schlecht gemaach gi wier, huet den Affekot vum Schäfferot och zeréckgewisen. Et wier nämlech, wann dat da sou geschitt wier, net sécher gewiescht, datt dat positiv ausgoe géif. D’Konklusioun wier déi, datt hautzedaags fir alles ee Schëllege misst fonnt ginn. An dësem Fall wier awer mat der Justiz gespillt a versicht ginn, fir Leit ze intimidéieren.
Um Freidegmoie sollt et um Stater Geriicht zum Ofschloss vun dësem Prozess kommen