Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jessy Lanza - Lick in Heaven

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Protestpiquet géint Amazon

Um Black Friday

Protestpiquet géint Amazon

Eng 40 Persounen hunn e Freideg um Hamilius bei enger Manifestatioun géint Amazon matgemaach. 13 Lëtzebuerger Associatiounen dorënner Ëmweltschutzorganisatioune grad ewéi den OGBL haten um Black Friday dee Protestpiquet organiséiert.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

play_arrow

Se sinn Deel vum Netzwierk „Make Amazon Pay“. D’Manifestanten denoncéieren den ekonomesche Modell vun der Internetplattform Amazon. Een ekonomesche Modell deen der Firma et géif erlabe wéineg oder souguer guer keng Steieren ze bezuelen.

Amazon huet hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg, wou d’Firma hir Besteierung kann optimiséieren, betounen ënnert anerem den OGBL, déi Lénk déi jonk Gréng, a Greenpeace. D‘lescht Joer hätt se och keng Steieren hei am Land bezuelt, trotz engem Chiffre d‘affaires vu 50 Milliarden Euro.

Schlecht Aarbechtskonditiounen an CO2-Bilanz

Weider gëtt hinne ganz schlecht Aarbechtskonditioune virgeworf. Amazon géif den Ament iwwerall massiv Leit entloossen, och zu Lëtzebuerg, ouni datt awer déi national Gewerkschaften implizéiert wieren. D’Zil vum OGBL ass eng onofhängeg Delegatioun opzebauen, wéi den David Angel vum OGBL erkläert.

Och a Saache Klimaschutz wier d‘Onlinehandelsplattform kee Musterschüler. 

Amazon géif Wueren déi Clienten zréckschécken, net weiderverwäerten oder vermaarte mee géif se ewechgeheien. Derbäi kéim de Problem vum Wuerentransport, deen d’CO2-Bilanz vum Konzern staark belaascht.

Lauschterenplay_arrow