search

/ Romain Wolff: "Eng politesch Iwwerhieflechkeet, déi d'Faass zum Iwwerlafe bruecht huet"

CGFP-Demonstratioun

|
headphones

2 min

Romain Wolff: "Eng politesch Iwwerhieflechkeet, déi d'Faass zum Iwwerlafe bruecht huet"

Géint déi geplangte Pensiounsreform a fir e richtege Sozialdialog hunn um Mëttwochmëtteg eng 300 bis 400 Memberen a Sympathisante vun de Gewerkschaften CGFP, FGFC a Syprolux virun der Chamber demonstréiert. Nieft de Gewerkschaftsvertrieder waren och eng Rei vu Politiker:inne present.

headphones

2 min

Protestmanifestatioun vun der CGFP de 25. Juni 2025  | © Jacques Ganser
Protestmanifestatioun vun der CGFP de 25. Juni 2025 (Foto: Jacques Ganser)

Déi eng méi offensichtlech, déi aner méi am Hannergrond: Nieft Deputéierte vun allen Oppositiounsparteie waren och d'Fraktiounscheffe vun der CSV Marc Spautz a vun der DP Gilles Baum present. Mee och Vertrieder:inne vum OGBL waren op der Plaz.

Protestmanifestatioun vun der CGFP de 25. Juni 2025  | © Jacques Ganser
Protestmanifestatioun vun der CGFP de 25. Juni 2025 (Foto: Jacques Ganser)

Déi symbolesch Demonstratioun, wéi den CGFP-President Romain Wolff se genannt huet, ass en Alleingang dräi Deeg virun der grousser Manifestatioun e Samschdeg vun OGBL an LCGB. Et géif een awer keen zeréckhalen, fir un der Manifestatioun e Samschdeg deelzehuelen. D'Virwërf un d'Regierung, wat d'Pensiounsreform ugeet, sinn awer praktesch déi selwecht, esou de Romain Wolff.

"Déi laut eegenen Aussoe 'business friendly'-Regierung huet keen Optrag vum Wieler, fir esou eng Reform ze maachen. Dat ass politesch Onéierlechkeet."

Nieft der politescher Arroganz huet de Romain Wolff der Regierung och virgehäit, kee seriöe sozialen Dialog wëllen ze féieren.

"Also eng Geschenk-Debatt, wéi ech se an de leschten 20 Joer nach ni erlieft hunn. Geet een esou mat raisonnabele Sozialpartner ëm? Ganz sécher net, wann ee si seriö géif huelen."

D'CGFP wëllt mat agebonne ginn

D'Virschléi vun de Gewerkschaften zu der Pensiounsreform wieren zu kengem Moment eescht geholl oder opgegraff ginn. Dat hätt och d'Ried zur Lag vun der Natioun gewisen. Dat wier e weidere Beweis fir arrogant Verhalen

"Eng politesch Iwwerhieflechkeet, eng politesch Arroganz, déi d'Faass zum Iwwerlafe bruecht huet. Dat geet elo déck duer."

D'CGFP fuerdert, datt virun der Reunioun vum 9. Juli, wou een als Gewerkschaft wëllt derbäi sinn, d'Rente-Reformpläng iwwerschafft ginn, an datt een an d'Gespréicher iwwer déi geplangte Steierreform mat agebonne gëtt.   

Déi national Demonstratioun vun der Unioun vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB ass e Samschdeg an och muer ass nach eng weider Gewerkschaftsaktioun. 

Den OGBL an den LCGB invitéieren um Donneschdegmoien op eng Sensibiliséierungsaktioun am Akafszenter Belle Etoile, fir géint d'Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce a vun der Sonndesaarbecht ze manifestéieren.