arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protester géint Mercosur-Accord: D'Bauere blockéiere Paräis

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Protester géint Mercosur-Accord: D'Bauere blockéiere Paräis

A Frankräich protestéieren d’Baueren, well d’EU-Kommissioun e Freideg d’Zoustëmmung vun de Memberstaate fir den ëmstriddene Mercusor-Handelsaccord wëllt kréien. Zu Paräis sinn d’Stroossen dowéinst blockéiert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Franséisch Bauere blockéieren d'Stroossen ronderëm den Eiffeltuerm am Kader vu landeswäite Protester géint de Mercosur-Accord | © EPA/YOAN VALAT
Franséisch Bauere blockéieren d'Stroossen ronderëm den Eiffeltuerm am Kader vu landeswäite Protester géint de Mercosur-Accord (Foto: EPA/YOAN VALAT)

Trotz Policeasaz hu ronn eng 15 Bauere mat hiren Trakteren et zu Paräis gepackt den Donneschdeg iwwer d’Champs-Elysée ze fueren a virum Eiffeltuerm ze protestéieren. Och virun der Assemblée nationale waren d’Bauere fir ze demonstréieren.

Eng 50 Trakteren an 100 Bauere blockéieren och den Accès vum Périphérique op Héicht vun der Porte d’Auteuil am Weste vun der Stad. Dowéinst gouf och d’Autobunn A13 a Richtung Paräis gespaart.

Regierung kritiséiert Bauereprotester

Bauere protestéieren notamment géint den EU-Handelsaccord Mercursor mat verschiddenen südamerikanesche Länner, mee och géint d’Politik vun der franséischer Regierung mat Bléck op d’Krankheet Dermatose nodulaire, wéinst där dausende Kéi hu misse geschluecht ginn.

Och am Südweste vum Land ginn et Protestaktioune vun de Baueren. D’Porte-Parole vun der Regierung, d’Maud Bregeon, war um Donneschdegmoien Invitée op France Info an huet d’Aktioune vun de Bauere kritiséiert. Dës wiere ganz kloer illegal, well se am Virfeld verbuede goufen.

Verantwortung an Dialog

D’Landwirtschaftsministesch Annie Genevard huet op X zu Verantwortung an Dialog opgeruff. Et hätt ee beim Mercusor an de leschten Deeg wichteg Fortschrëtter op Europäeschem Niveau gesinn, mee d’Aarbecht wier nach laang net eriwwer. 

De fréieren Inneminister a Chef vun de konservative Les Républicains, de Bruno Retailleau, sot iwwerdeems op France info, e franséische Jo zum Accord, wier eng Zort Aggressioun géigeniwwer de franséische Baueren.

play_arrow Lauschteren