Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projet Nordstad-Lycée: Start vum Chantier viraussiichtlech 2026

Règlement grand-ducal gouf ënnerschriwwen

Projet Nordstad-Lycée: Start vum Chantier viraussiichtlech 2026

De Projet Nordstad-Lycée ass nees e Stéck méi konkret. De Landesplanungsminister Claude Turmes a Minister fir d‘Travaux Publics François Bausch hunn haut e Règlement grand-ducal ënnerschriwwen, duerch dat den entspriechende Plan d‘occupation elo obligatoresch gëtt.

auto_stories

1 min

D‘Reglement trëtt a Kraaft, esoubal de Grand-Duc ënnerzeechent an et am Journal officiel publizéiert gouf. Vun 2024 u kéinten dann déi néideg Autorisatiounen ugefrot ginn, fir d‘Constructioun vum Nordstad-Lycée, ouni datt weider administrativ Prozeduren néideg wieren, heescht et an engem Communiqué vu béide Ministèren.

Am Laf vun 2025 kéinten Offeren ugefrot ginn. Den Ufank vum Chantier wier viraussiichtlech fir 2026 virgesinn.