Eng staark Koordinatioun mécht aus Inhalter e gelongene Programm.
Als Programmkoordinator:in bass du eng zentral Stäip vum Service a suergs dofir, datt Informatiounen, Theemen a Formater an de Sendungen tëschent 9 an 18 Auer zesummespillen. Zesumme mam Programmchef koordinéiers du den Alldag, setz thematesch Schwéierpunkte a schaffs zesumme mat der Ekipp Emissiounen aus, déi orientéieren, erklären an no bei de Nolauschterinnen an Nolauschterer sinn.
Wéi stäerks du d’Ekipp?
Du hues e séchert Gespier fir déi Sujeten, déi Lëtzebuerg wierklech beweegen. Wann et hektesch gëtt, da behäls du souwuel d’Rou wéi och den Iwwerbléck. Du hues e Kommunikatiounstalent a suergs fir den néidegen Informatiounsfloss tëschent allen Acteuren. Organisatioun a Struktur gehéieren zu denge Stäerkten, du schaafs Uerdnung, wou anerer Duerchernee gesinn.
Wourop s du dech verloosse kanns!
Du präägs aktiv déi deeglech Programmgestaltung an hues en Impakt op de Service public. Du hëllefs, d’Offer vum 100,7 mëttel- a laangfristeg weiderzeentwéckelen a kanns d’Zukunft vun engem liewege Medienhaus matgestalten. Mir bidden en attraktiivt Gehalt mat gesécherte Perspektiven a begleeden dech aktiv an denger weiderer professioneller Entwécklung.
An elo?
Hues du nach Froen? Da mell dech!
Ass alles kloer? Da schéck eis deng Kandidatur bis de 23. Juni op rh@100komma7.lu.
Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.