arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Problemer mat Liwwerketten um Rhäin weise Vulnerabilitéit vun europäescher Logistik

Waasserpeegelen

|
reading time

2 min

Problemer mat Liwwerketten um Rhäin weise Vulnerabilitéit vun europäescher Logistik

Déi aktuell Problemer an de Liwwerketten um Rhäin géife weise wéi vulnerabel déi europäesch Logistik wier. Dat seet d’Cindy Tereba, d'Direktesch vun den internationalen Affären an der Chambre de commerce.

reading time

2 min

© EPA/MATIAS BASUALDO
(Foto: EPA/MATIAS BASUALDO)

Et misst een deementspriechend Léisunge fanne fir och an Zukunft ze garantéieren, datt d’Waasserstroosse gutt fonctionéieren an d’Infrastrukture méi resilient ginn.

Stol a Pëtroll am meeschte betraff

Déi aktuell negativ Rekorder bei de Waasserstänn um Rhäin hunn ee groussen Afloss op d’Liwwerketten. An Däitschland zum Beispill feelt et elo schonn un Eisenäerz a Produiten aus der Chimie-Industrie. Zu Lëtzebuerg betrëfft et virun allem zwee Secteuren, esou d’Cindy Tereba.

"Dat eent, dat si Stolproduiten, also alles wat aus der Siderurgie kënnt, mat 48 Prozent. An dat anert si Pëtrolsproduiten, mat méi wéi 35 Prozent. Dat heescht, déi zwee Produiten si besonnesch staark impaktéiert."

De Risiko fir Lëtzebuerg wier hirer Meenung no net, datt den Hafe vu Mäertert géif ophale mat funktionéieren. De Problem wier éischter ... 

"... datt den Transport vun enger Tonn Wueren iwwer de Rhäin elo vill méi komplizéiert gëtt a virun allem vill méi deier fir d'Betriber, an datt dat natierlech och déi ganz Liwwerkette verkomplizéiert a verdeiert fir eis Betriber."

Keng Penurie a Siicht

Well den Transport iwwer de Waasserwee méi schwiereg gëtt, leeft aktuell elo méi dovun iwwer d’Schinn an d’Strooss. Déi Kapazitéite kéinten awer net vun haut op muer an zum selwechte Präis de komplette Schëffstransport ersetzen, gëtt d’Cindy Tereba ze bedenken.

Fir d’Entreprisë bedeit dat méi héich Logistikkäschten, wat sech der Chambre de commerce no och op d’Präisser an d’Kompetitivitéit vun de Produiten auswierke kann. Eng direkt Penurie bréicht een hei am Land awer net ze fäerten. 

Mee: Lëtzebuerg ass staark export-orientéiert an domat op praktikabel Transportweeër uechter Europa ugewisen. An och wa Lëtzebuerg am Transportberäich breet opgestallt wier, misst een op europäeschem Niveau no Léisung sichen, fir am Kontext vum Klimawandel d’Waasserstroossen nohalteg ze sécheren.

"De Prinzip vun der Resilienz ass jo eigentlech, datt ee versicht, sech op verschidde Standbeen opzestellen, fir sech eebe justement net op ee Modell ze verloossen. An ech mengen, dat ass jo och déi grouss Stäerkt vu Lëtzebuerg."

Lëtzebuerg wier gutt opgestallt, well d’Land mat engem multimodale Logistiksystem schonn op verschidden Transportmëttel zeréckgräife kéint, esou nach d’Cindy Tereba.