Radioen

On air

Détente sous l'Olivier  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ pop-up Vëlospist ewech geholl - ProVelo kritiséiert d‘Stad Lëtzebuerg

Mobilitéit

pop-up Vëlospist ewech geholl - ProVelo kritiséiert d‘Stad Lëtzebuerg

An engem oppene Bréif un de Stater Schäfferot kritiséiert ProVelo, datt déi provisoresch Vëlospist op engem kuerze Stéck an der Avenue Marie-Thérèse verschwonnen ass.

auto_stories

1 min

Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmidt | © Cyrille Hill
D'Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmidt (Foto: Cyrille Hill)

Déi pop-up-Vëlospist war am Abrëll ageriicht ginn a wier elo, vun engem Dag op den aneren, erëm ofgebaut ginn. Déi Vëlospist wier vill benotzt ginn a war och beléift. Elo soll se an de Park verluecht ginn, well – sou d‘Argument vum Schäfferot – et ze vill Réckstau gi wier wéinst de roude Luuchten op der Kräizung vun der Avenue Marie-Thérèse an datt dowéinst den Tram blockéiert ginn wier. ProVelo fuerdert, datt déi ganz Kräizung nei geduecht an opgedeelt soll ginn.